Weltwäit gëtt Equipement géint de Covid-19 gebraucht a leider och masseweis no eemol undoen an d'Poubelle geschmass.

Lauschtert eran!

De Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) an de Molecular Plasma Group (MPG) hu sech am Kampf géint d'Corona-Pandemie zesummegedoen. Zil: Eng Method entwéckelen, déi et erméiglecht Masken, déi eigentlech nom Gebrauch an d'Poubelle fléien, weider ze benotzen. D'Iddi hannendrun ass, méi Material ze hunn an aplaz et ewechzegeheie souzesoen ze recycléieren.

En anere Problem ass, datt Schutzkleedung an eben FFP-Masken a ville Länner knapp ass an och bleift. Mëttlerweil goufe scho vill Prozedure getest, déi d'Material effikass desinfizéiere sollen. D'Technologien, déi bis ewell an den Asaz koumen, hu gehollef, mee haten eng net sou optimal Niewewierkung: D'Material gouf beschiedegt, de Schutz war net méi garantéiert.

D'Traitementer waren deemno ze aggressiv. De LIST an MPG wëllen dat mat hirer Method änneren. Riets geet vun enger Dekontaminatioun mat Plasma, déi capabel wier, d'Charakteristike vun all Uewerfläch ze veränneren. Donieft wëll een och nei antibakteriell Masken an anert Schutzequipement entwéckelen, déi méi laang halen an deemno méi laang benotzt kënne ginn.

Bei der Entwécklung an der Duerchféierung géif ee sech strikt un d'Richtlinne vun den EU-Standarden, déi an dësem Beräich gëllen, halen, esou de LIST an MPG an hirem Statement. Déi éischt Phas vum Projet gëtt iwwerdeems vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt. Et ass virgesinn, datt dës gutt 18 Wochen dauere wäert.