D'Ästhetik léisst zwar nach ze wënschen iwwereg, ma praktesch wär et op alle Fall.

Elektronesch Vëloen, E-Trottinetten an och E-Skateboarde sinn am Trend - Et kënnt ee séier virun an et muss een trotzdeem net op den Auto setzen. Ma esou e Gefier mat ze schleefe kann och zimmlech onpraktesch si well se dacks schwéier an onhandlech sinn, respektiv een net weess wouhin domat. Dovun ofgesinn, dass och net jidderee sech esou eppes zouleeë kann oder wëll. Ma wann een dann awer mol en elektronescht Gefier ausléine wéilt, dann ass natierlech néirens eent fräi.

Eng Universitéit zu Tokio schafft grad un enger Alternativ: Dem Poimo. Eng Zort opblosbar Trottinette, déi, wann d'Loft raus ass, ganz bequem an de Rucksak passe soll. D'Pneuen, d'Steierrad, de Motor an den Akku kann een hei einfach montéieren an och nees demontéieren.

De grousse Virdeel um Gefier ass säi Gewiicht: mat 5,5 Kilogramm ass en nach méi liicht wéi e Klapp-Vëlo. Dat geet den Entwéckler awer net duer, si géifen dru schaffen, dass d'Trottinette aus Loftmatrassen-Material (TPS) nach méi liicht soll ginn. Duerch déi gepolstert Eegenschafte wär en ausserdeem relativ sécher am Stroosseverkéier, esou d'Universitéit. Déi besteet och drop, dass d'E-Gefierer eppes ganz Neies fir de bestoende Mobilitéitssystem zu Tokio wär an dësem richteg nëtzlech kéint ginn.

Un der Ästhetik kéint een eventuell nach schaffen. D'Plastik-Gefierer gesinn nämlech schonn e bësse kannereg aus mee esou laang se dat hale wat se verspriechen, fanne mir et och net schlëmm, dass ee sech drop virkënnt wéi op engem performante Bobby-Car. Wéini de Poimo dann elo erauskënnt ass awer nach net gewosst, aktuell géif een nach um Produit schaffen.