Scho laang gëtt net mi just matenee geschriwwen, ma wéi eng Medie si besonnesch beléift, zemools bei där méi jonker Generatioun?

Lauschtert eran!

Och wa vill méi wéi just matenee gechatt gëtt ass et awer nach ëmmer d'Beschäftegung Nummer 1, wann et ëm d'sozial Medie geet: D'Matenee-Kommunizéieren ass a bleift d'Prioritéit fir déi Jonk. Wéi BEE SECURE op hirem Internetsite erklären, gehéieren dozou mëttlerweil och Videoen a Fotoen, virun allem Selfies. Facebook ass dann nach ëmmer beléift, ma rezent gouf et hei e Wiessel. Nodeems och vill Elteren op der Plattform ënnerwee sinn, gëtt no neie Méiglechkeete gesicht.

Esou ass TikTok an de leschte Méint immens populär ginn. Virun allem awer WhatsApp gëtt reegelméisseg oder e puer Mol d'Woch benotzt. Genee dat soten 93% vun de Befroten an der sougenannter JIM-Etüd vu leschtem Joer. Bei Facebook waren et iwwerdeems nëmme 15%. Och interessant ass d'Resultat vun enger Uni vu Paräis: Zwee Drëttel vun de Messagen hu kee richtege Contenu, mee besti gréisstendeels aus kierzen Äntweren ewéi "Ok", "Jo" oder "Nee" oder "Haha".

Wéineg verwonnerlech ass, datt déi meescht Jonk vun der Tëlee op Streamingplattforme geswitcht sinn oder d'Offer vum Fernsee online konsuméieren. Nëmmen nach 56% géif iwwert d'Tëlee gekuckt ginn, d'Gewunnechten hunn hei also och changéiert. Net just Netflix an Amazon Prime stiechen hei eraus, och YouTube oder Spotify gewannen ëmmer méi u Popularitéit. An der virdru genannter JIM-Etüd hunn 73% vun de Befrote gesot, dass si léiwer online Videoe kucken.

68% hu Musekstreamingdéngschter abonéiert, ma wat den Entertainment ugeet, bleift de Radio nach ëmmer immens beléift. Bleiwe mer am Entertainment-Beräich: 63% vun de Jonke spille reegelméisseg oder e puer Mol d'Woch digital Spiller, 41% iwwert de Smartphone. Minecraft a Fortnite sti ganz uewen, FIFA oder Call of Duty sti bei méi eelere Spiller am Virdergrond. Gréisstendeels sinn dëst Muliplayer-Spiller, dat heescht, et gëtt net explizitt eleng gezockt.

Bei de Printmedie gesäit et dann éischter negativ aus. Dageszeitunge gi vu Jonken net méi vill abonéiert, well si déi néideg Informatiounen op digitalem Wee hierkréien. Wann awer gelies gëtt sinn et der JIM-Etüd no virun allem déi richteg Bicher, an net E-Books. Als Fazit kann ee festhalen, datt sech de Konsum immens verännert huet: Contenue gi selwer erstallt a gedeelt an et gëtt ëmmer méi wichteg, en direkten an einfachen Accès zu Medien ze hunn.