An dat gëllt net nëmme fir äre Stupp! D'Hänn vu Leit déi eis nostinn, unzehalen ass wichteg a gesond fir eis. Och wa mer wéinst Corona domat musse waarden.

Als Kand ass et fir eis ganz normal, dass mer enger Persoun d'Hand ginn. Fir eis guidéieren ze loossen, fir net ze falen, oder fir déi bescht Frëndin, dee beschte Kolleg no bei sech ze wëssen.
Als Erwuesse maache mer dat awer ëmmer manner. Dobäi misste mer dat guer net. Et ginn eng ganz Partie gutt Grënn dofir, fir d'Hand vun engem aneren unzehalen.

Lauschtert hei eran!

1. Et hëlt Péng
Effektiv spiere mer d'Péng manner schlëmm, wa mer d'Hand vun enger Persoun kënnen unhalen, der mer am Beschten och vertrauen.

2. Et ass esou einfach
Et ass ee ganz einfache klenge Geste: dem anere seng Hand ze huelen. An dofir ass et eppes wat een och roueg mat gudde Kolleegen oder der Famill soll maachen.

3. Et berouegt
Virun allem solle mer d'Hänn vun eise Léiwen upaken, well et si an och eis berouegt. Wa mer Händchen hale, fille mer eis och méi selbstbewosst, a bereet ee Problem unzegoen.

4. Et schweesst zesummen
Duerch Kierperkontakt, baue mer Verbindungen zu anere Leit op. An och een einfache Geste wéi Händchen hale verstäerkt dës Bindunge konstant an nohalteg.

5. Positiv Erënnerungen
Händchen hale gehéiert zu deenen éischte Beréierunge vun engem éischten Date. Et kënnt ee sech méi no, an et kribbelt am Bauch. Mee et kann eis och dorun erënneren, wéi eis Elteren, Geschwëster oder d'Grousselteren eis Hand geholl hu wa mer Angscht haten, oder einfach de Kontakt zu engem anere gebraucht hunn.