An Zukunft wäerten sech eis Stied nach vill veränneren. Ee Beispill dofir ass dee südkoreanesche Staddeel Songdo. Dësen ass nämlech extra "Smart".

An eiser Welt sinn ëmmer méi Saache "Smart". Sief dat eisen Handy, eis Aueren oder souguer Spillsaache vun de Kanner. Et schéngt nëmme logesch, dass och eis Stied iergendwann "Smart" ginn. An a Südkorea gëtt et dofir schonn ee Beispill. Songdo nennt sech dee Staddeel vun der Milliounestad Incheon. Songdo ass eréischt ronderëm 2003 entstanen an 2020 fäerdeg gestallt ginn. Virdru war op dëser Plaz ee grousst Wattemier.

Lauschtert hei eran!

Mee wat ass iwwerhaapt eng "Smart City"? Ee Gebai gëllt als Smart, wann et mat Sensoren a Kameraen equipéiert ass, déi op Persoune reagéieren an esou hinnen d'Liewe méi einfach maache kënnen an och de Kontakt tëscht de Leit hierstelle kann. A Songdo ass et zum Beispill méiglech vun der Stuff aus Meetinge mat deenen anere Leit aus dem Gebai ze hunn, oder de Portier unzeruffen, ouni iergendeppes z'installéieren. Déi néideg Kameraen an Technologie sinn nämlech direkt beim Baue mat ageplangt ginn. Esou soll et quasi net méi néideg si fir virun d'Dier ze goe fir eppes z'organiséieren. De Gros vum Liewe kann dann doheem oflafen.

Mee zu Songdo huet een och un aner Aspekter geduecht. Esou ass zum Beispill festgehalen, dass 40 Prozent vun de Flächen zu Songdo net dierfe bebaut ginn. An et huet een sech och un der amerikanescher Stad New York inspiréiert. Op mannst wann et ëm de berüümte Central Park geet. Esou een hunn se nämlech och zu Songdo. An en heescht och d'nämmlecht. Fir d'Awunner vu Songdo ass dëse wichteg, fir esou eng grouss Fläch ze hunn an där ee vun Natur ëmginn ass. Een Szenario deen an der Haaptstad Seoul, déi net wäit ewech läit, net esou méiglech ass.