Ween ee sech mol nees eppes vum Grill gënnt, da richen d'Kleeder och deemno. Wichteg ass et hei, dass ee se op kee Fall virun d'Dier hänkt fir ze lëften.

Lauschtert eran

De Grill gëtt ugemaach, d'Kuelen drop geheit a lass geet de Spaass. D'Grillsaison ass un a ganz vill Leit hunn och dëst Joer scho sécher méi wéi eng Kéier gegrillt. Wéi esou dacks, huet een een an der Famill dee beim Grill steet, wärend de Recht beim Apero sëtzt.

De ganze Gaart richt nom Gegrills a leider och d'Kleeder vun deem deen dauernd beim Feier stoung. Iert een d'Kleeder dono dann an de Wäschkuerf geheit oder eventuell nees zeréck an de Schaf leet, hänkt een se dacks nach gär e bëssen eraus fir ze lëften. Dat soll een awer op kee Fall maachen.

Wärend dem Grillowend lagert sech net nëmmen de Geroch an de Kleeder of, mee och d'Fett vum Fleesch, dat beim Grillen duerch d'Loft geschleidert gëtt. Wann der elo déi Kleeder eraus hänkt, lackelt der eng jett Gedéiesch un, wéi zum Beispill Matten, déi sech an de Kleeder verstoppen. Wann der déi also elo nees géingt an de Kleederschaf hänken oder an d'Géigend vum Kleederschaf leet, reproduzéieren déi sech an zerfriessen héchstwarscheinlech och nach de Recht vun ären anere Kleeder.

Am beschten ass et hei, d'Kleeder nom Grillen direkt an d'Wäschmaschinn ze maachen a se virdrun net ze lëften. Lëften ass hei vum Prinzip hier souwisou onnéideg, well een se esou oder esou dono wäscht. Ech gleewe jo kaum, dass een, dee laang beim grill stoung, genau déi Kleeder den aneren Dag och undeet fir schaffen ze goen.

Also, direkt an d'Wäsch domat a basta.