Bei Geméis an Uebst konnt een eng däitlech Hausse vum Präis an der leschter Zäit feststellen. Schold doru sinn d'Produktioun, den Transport an d'Nofro.

Wien erënnert sech net nach un d'Panik-Akeef um Ufank vun der Coronakris zu Lëtzebuerg. Vill Leit hunn nach séier probéiert sech eng Reserv oder wéi de Premier et genannt huet „En eegene Supermarché“ unzeleeën. D'Situatioun huet sech dunn awer erëm séier geluecht an dunn ass d'Opreegung lassgaangen, well verschidde Produite méi deier gi sinn. Elo kéint ee mengen, dass dëst nëmmen e subjektiven Androck war, ma dat war et net. Schold waren awer net onbedéngt d'Supermarchéë selwer.

Méi deier am Akaf, méi deier am Verkaf
Et waren zu Lëtzebuerg virun allem déi frësch Produiten, bei deenen de Präis wéinst der Kris an d'Luucht gaangen ass, dat huet de Konsumenteschutz ULC confirméiert.

D'Supermarchéen hunn dat awer net selwer decidéiert, mä se hu missten op d'Hausse an der Produktioun an am Transport reagéieren. Dat heescht d'Wuere goufe méi deier akaaft an hunn dann och misste méi deier verkaaft ginn. Dass virun allem Uebst a Geméis méi deier gi sinn huet e puer Grënn, ugefaange mat der Produktioun.

Grenzkontrolle suerge fir Präishausse
De Gros dovu gëtt importéiert, well et hei net wiisst, z.B. aus dem Süde vun Europa. Well awer d'Grenzen zou waren, konnten déi sougenannten Erntehelfer net wéi soss bei der Produktioun hëllefen, dofir ass eben net esou vill esou séier hiergestallt ginn. Dobäi kommen natierlech d'Reegelungen zum Mindestofstand, déi jo och fir Plantagen a Fabricke gëllen an dann hu jo och nach Aarbechter misste wéinst Krankheet oder aus familiäre Grënn doheem bleiwen.

An domat komme mir bei den Transport. Déi zouen oder kontrolléiert Grenzen hunn zu deels kilometerlaange Staue gefouert, dofir ass och hei den Opwand fir den Transport an domat och de Präis an d'Luucht gaangen.

Nofro huet en Afloss op de Präis
Waren d'Produiten da bis am Supermarché waren se och séier verkaaft, d'Restaurante ware jo zou, dofir gouf doheem méi gekacht a logescherweis och méi akaaft. Wärend also d'Präisser duerchaus erop gaange sinn, hunn déi eng oder aner sech och gewonnert, firwat se esou eng déck Rechnung nom Akaf haten, well se nach ni esou vill beieneen akaaft hunn. An esou huet och d'Nofro de Präis an d'Luucht gedriwwen.

Succès vu lokale Produiten
Zousätzlech si vill lokal Produite kaaft ginn, well verschidde Produiten aus dem Ausland net séier genuch erbäi komm sinn. Ma déi lokal Produktioun ass méi begrenzt a verschidde Produite sinn ebe méi deier wéi wann se vu groussen Hiersteller aus dem Ausland kommen.

Iwwerdeems ass dës Entwécklung bal nëmme bei frësche Produiten de Fall gewiescht. Bei aneren, z.B. bei Toilettëpabeier, wou d'Nofro jo och grouss war, war zwar en Enkpass do. Ma doru war net d'Produktioun oder d'Liwwerkette Schold, hei sinn d'Mataarbechter ganz einfach net méi nokomm fir d'Regaler opzefëllen.