D'Kris huet vill Leit och finanziell haart getraff, dofir musse séier Suen hier. Eng Méiglechkeet ass do e „Pfandleiher“.

D'Coronakris huet nieft deem gesondheetlechen Aspekt och eng ganz Rëtsch negativ Auswierkungen op d'Wirtschaft. Dat heescht trotz staatlechen Hëllefen hu vill Leit Problem iwwer d'Ronnen ze kommen. An an deem Moment gëtt natierlech probéiert kuerzfristeg u Suen ze kommen, grad wann een net weess, wéi et genee weider geet. Eng Méiglechkeet sinn do „Pfandleiher“, déi an Däitschland no der Reprise e massiven Zouwuess u Cliente gemellt hunn.

Enorm vill lass an der éischter Woch
Et ass u sech eng relativ onbürokratesch Method fir séier a legal u Suen ze kommen – de sougenannte „Pfandleiher“. Deem gëtt ee Wäertsaachen an tauscht se u sech ganz einfach géint Suen an. Dat ka jee no der Entreprise alles sinn, vu méi klassesche Wäertgéigestänn wéi Gold, Aueren oder Bijouen iwwer Handyen an Tablettë bis hin zu Tëleeën, Sammlerobjeten oder esouguer Autoen.

Effektiv huet den Azad Ayten, deem säi Betrib an der Stad bei der Paräisser Plaz läit gesot, dass direkt nodeems d'Commercen erëm konnten opmaachen enorm vill lass war. Et hätt ee quasi d'Geschäft vun engem Mount bannent nëmmen enger Woch gemaach. Deelweis hätt hie missten e puermol den Dag op d'Bank lafen, well en net méi genuch Boergeld am Buttek hat.

Manner Gold, méi Elektronik an Aueren
Dobäi wier et manner Gold gewiescht, dat agetosch gouf, mä méi Luxusaueren an Ënnerhalungselektronik an Handyen. Verschidde Clienten hätten esouguer e Kontrakt fir en neien Handy ofgeschloss, nëmme fir en duerno kënnen ënnert dem Normalpräis géint Suen anzetauschen an esou kuerzfristeg u Suen ze kommen.

Op Nofro soten d'Clienten dacks, dass se wéinst der aktueller Situatioun finanziell Problemer hätten.

Zoulaf ka vill Grënn hunn
Den Azad Ayten ass sech iwwerdeems awer net sécher, ob den Zoulaf u Cliente wierklech dorop zeréckzeféieren ass, dass méi Leit finanziell Problemer duerch d'Kris hunn. Well et wier jo esou, dass och d'„Pfandleiher“ hir Diere während dem Confinement hu missten zoumaachen.
Dat heescht bal zwee Méint waren se zou an esou kéint et wéi bei deenen anere Commercen och sinn, dass d'Cliente gewaart hunn, bis erëm alles op ass, fir dann hir Wäertsaache kënnen antauschen ze goen.