Wärend d’Welt nachemmer déif an der Coronavirus-Pandemie sëtzt, schwätze vill Leit schonn dovunner, ewéi d’Liewen nom Lockdown ausgesi soll.

Méi Teletravail, méi Zäit fir sech selwer a virun allem solle mer alleguerte besser op d’Ëmwelt oppassen, virun allem elo, wou ee gesäit, wat fir e positiven Effekt eng drastesch Reduktioun vun den Emissiounen op de Planéit kann hunn.

Lauschtert hei de Reportage:

A ville Länner a Stied ass dat alles nach Theorie, mee de Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan mécht elo Neel mat Käpp. Grouss Deeler vun der brittescher Haaptstad sinn an Zukunft just nach ze Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport ze erreechen. Dozou gehéieren och vill Brécken, ënnert anerem och d’London Bridge. Domadder entsteet eng vun de gréissten autofräien Zonen op der Welt.

© pixabay.com

Net nëmmen dat, wien an Zukunft mam Auto an den Zentrum zu London fuere wëll, dee muss ronn 20 Euro pro Dag bezuelen. Domadder soll net nëmmen de Verkéier reduzéiert ginn, mee och nach d’Loftverschmotzung bekämpft ginn. D’Aarbechte fir dës nei Zon si schonn am gaangen a sollen an den nächste 6 Woche fäerdeg sinn. Wa mer also all hei endlech nees aus dem Lockdown eraus kënne wäert London méi Vëlosweeër an eng besser Loft hunn – an dat ka jo eigentlech nëmme positiv sinn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter