Wien doheem schafft ka sech genee esou blesséieren, wéi um Site vun der Entreprise selwer.

Am Stress leet een den Akkulueder vum Laptop queesch duerch de Büro an Zack ass et geschitt: Et trëllt een iwwert de Kabel an huet sech wéigedoen. Déi improviséiert Aarbechtsplaz biergt also schonn déi eng oder aner Gefor.

Lauschtert eran!

Allgemeng gëllt hei zu Lëtzebuerg: En Aarbechtsaccident ass en Accident, deen opgrond vun oder a Relatioun mat der Aarbecht virkomm ass – onofhängeg vun der Ursaach. Esou steet et um Internetsite vun der ITM an den Aarbechtsministère huet eis dëst confirméiert. Schafft ee vun doheem aus, muss ee sech wéi op der Aarbecht un d’sanitär Reegelen an d’Sécherheetsmoossname vun der Firma halen. Dat ka vum Délégue à la sécurité vun der Entreprise kontrolléiert ginn.

Dëse muss dat natierlech am Respekt mat der Privatsphär maachen. D’ITM kann dann och Kontrollen duerchféieren, hei gëllen awer folgend Dispositiounen: e Mandat vun engem Untersuchungsriichter, 2 Inspektere mussen d’Kontroll duerchféieren an dat Ganzt muss tëscht 6 an 20 Auer gemaach ginn. Accidenter am Homeoffice sinn esou gereegelt, datt si vun der Associatioun d’Assurance Accident, kuerz AAA genannt, couvréiert ginn.

Fir dass sech d’AAA mam entspriechende Fall befaasse kann, muss den Teletravail am Virfeld per Avenant festgeluecht gi sinn. Eréischt da kann d’AAA kucken, ob et sech ëm een Aarbechtsaccident handelt oder net, esou d’Confirmatioun vum Aarbechtsministère. Wéi et um Internetsite vu Securex heescht, géif et wärend der aktueller Kris duergoen, datt de Patron am Fall vun engem Aarbechtsaccident confirméiert, datt de Salarié d’Autorisatioun hat, vun doheem aus ze schaffen.

Hei gëllt wéi virdrun erkläert, datt d’AAA d’Ëmstänn vum Accident préift. All Aarbechtsaccident muss dann och gemellt ginn. Leit am Teletravail genéissen iwwerdeems déi nämmlecht Rechter a Flichte wéi all anere Mataarbechter vun der Entreprise. Ginn déi fir doheem néideg Equipementer futti, muss een dat der Entreprise mellen. Virum Homeoffice ass et och um Patron ze kucken, datt een déi gebrauchten Apparater huet. Ass dat net de Fall, muss een dës zur Verfügung stellen.