Fir sech eng schéi Vakanz ze maachen, muss een net an en Hotel goen. E puer Deeg am Zelt um Camping kënnen hei esouguer méi flott sinn.

Lauschtert eran

Et ass jo gewosst, dass een doheem a sengem eegene Bett am beschte schléift an an den eegene véier Wänn am beschten equipéiert ass. Genau dat ass de Grond wisou ganz vill Leit kee Fan vum Campe sinn. Do huet een eben net säi Bett an d'Geschier vun doheem huet een och net. Dir kënnt iech allerdéngs fir ee Camping Tripp esou gutt organiséieren, dass der all déi gewinnte Saache vun doheem guer net braucht.

Am wichtegsten ass hei scho mol déi richteg Gréisst vum Zelt. Hei kann ee sech verhalen: Wann een zu 2 am zelt wëll schlofen, da soll ee sech op kee Fall en Zelt fir 2 Persoune kafen, mee éischter fir 3. Net genuch Plaz beim Schlofen ass en absolutte Vakanze-Killer.

E weideren Tipp, deen der eigentlech esou och doheem befollegt. Wann der an d'zelt gitt, sollt der d'Schong scho baussen ausdoen. Dir riskéiert soss de Bulli, Knascht oder de Sand mat an d'Zelt ze schleefen an dee gitt der esou séier net méi lass.

Domat ass d'Basis scho mol geluecht. Elo feelt nach de Recht vum Equipement. Do ass jidderengem iwwerlooss wat een alles mat schleefe wëll. Ma denkt just drun äert Material ze testen iert der iech op de Wee maacht. Wann een nämlech eréischt um Camping mierkt, dass eng Staang vum Zelt feelt oder de Gaskocher net geet, dann ass ee scho genervt iert et lass geet.

E Feeler deen och nach vill Leit maachen ass, ze wéineg anzepaken. Fir net vill mussen ze schleefen, gëtt dacks nëmmen dat Néidegst matgeholl. Eng entspaante Vakanz um Camping setzt quasi viraus, dass ee sech eng Checklëscht mécht a sech och strengstens dorun hält.

Och um Camping kann ee sech mol langweilen. Dofir ass hei e gudde Rot, Spillkaarten, Gesellschaftsspiller oder och e Buch anzepaken. Domat kënnt der iech e bëssen d'Zäit verdreiwen, falls der e Moment hutt an deem der e bësse latzeg sidd.

Wann der déi Tipps befollegt, dann dierft den Openthalt um Camping eng wonnerbar Vakanz ginn.