Et ass wonnerbar an der Sonn ze setzen. Mee et muss ee sech och richteg do virdru schützen. A verschidden Tipps hëllefen do wierklech net.

D'Sonn ass dobaussen. A wat maachen der vill vun eis am Eldoland? Natierlech sou vill et geet vun der Sonn profitéieren. Wann een awer nom Wanter an dem Confinement emol endlech nees esou richteg vill an der Sonn sëtzt, muss een sech och richteg virun de Sonnestrale schützen. Ma do ginn et awer esou verschidden Tipps, déi wierklech näischt bréngen.

1.Staark Sonnecrème verhënnert, dass ee brong gëtt
Et ginn ëmmer nees Leit déi behaapten, dass een net brong gëtt, wann d'Sonnecrème een héije Sonneschutzfaktor huet. Dat stëmmt awer net. Wann ee gutt geschützt ass duerch seng Sonnecrème bleift déi brong Faarf esou guer méi laang op der Haut.

2. Wann een an de Solarium geet, kann een d'Haut op d'Sonn preparéieren
Och dat ass nëmmen ee Mythos. De Solarium mécht zwar, dass ee séier brong gëtt, mee d'Haut baut doduerch kee Schutz virun den UVA- an UVB-Stralen op, déi duerch d'Sonn un eis Haut kommen. Donieft sinn d'UVA-Stralen am Solarium souguer 10 Mol méi intensiv, an doduerch och méi schiedlech.

3. Am Schiet gëtt een net brong
Wann d'Sonn dobaussen ass, an et sëtzt een ënnert engem Bam oder engem Präbbeli kommen zwar manner Sonnestrale bis bei eis duerch, mee se kommen awer nach ëmmer op eiser Haut un. Ass een dann net agecrèmt kann d'Haut och am Schiet beschiedegt ginn. Dat gëllt och fir Kleedung: déi meescht Kleeder loossen nach Stralen duerchkommen.

Lauschtert hei eran!

4. Wie scho brong ass brauch keng Sonnecrème
Déi Behaaptung ass net nëmme falsch, mee och geféierlech. Egal ob ee schonn eng schéi brong Faarf huet oder net: d'UV-Strale vun der Sonn schueden der Haut awer nach ëmmer. Wann eis Haut brong ass, si mer zwar e bësse méi geschützt, awer definitiv net genuch.

Et kann een et eigentlech ganz einfach resuméieren: wann der d'Sonn esou sécher wéi méiglech wëllt genéissen da schnaapt iech är Crème. Är Haut ass iech och sécher dankbar.