Jidderee geet op seng eegen Aart a Weis mat der Situatioun ronderëm de Coronavirus ëm. An awer konnte Psychologen fënnef gréisser Kategorie festleeën.

Wéi mer psychologesch gesi mat der Coronakris ëmginn, huet eng Ekipp vum Rheingold-Institut an Däitschland ënnersicht. Dofir hunn d'Fuerscher bei 135 Persounen am Alter vu 25 bis 59 Joer Interviewe gemaach, fir erauszefannen ob et Iwwerschneidungen am Behuele ginn oder net. Effektiv konnt d'Ekipp fënnef verschidde Charakteren erausschaffen.

Lauschtert hei eran!

1. De stabille Krisemanager

Dësen Typ geet der Kris souverän entgéint, well en der Meenung ass, dass souwuel hie, wéi och seng Famill gutt geschützt sinn. Doduerch ass dëse Genre vu Persounen och am séierste bereet fir aneren ze hëllefe wann et hinne méiglech ass. Sief dat duerch akafe goe fir vulnerabel Persounen, bitze vu Masken oder och als Fräiwëllegen um Terrain ze schaffen.

2. De kreative Gemeinschaftler

Des kreativ Käpp hunn de Besoin no Méiglechkeeten ze sichen fir hir Interessen a virun allem hir sozial Kontakter nach esou gutt et geet weider ze fleegen. Si verbreede bei anere gutt Stëmmung an hu Potenzial anerer z'inspiréieren, mee droen net weider dozou bäi d'Kris ze léisen.

3. Déi engagéiert Optimisten

Si verdrängen d'Konsequenzen vun der Coronakris esou laang et geet. A probéiere virun allem hiren Alldag an hir Aarbecht esou normal wéi méiglech weider ze féieren. Mat Stëllstand kënne se nëmme schwéier ëmgoen a sinn der Meenung, dass et och no der Kris schonn iergendwéi wäert weidergoen.

4. Déi "Schutzbedürfteg"

Si maache sech Suergen, a mussen alles noliesen wat et Aktuelles an Neies iwwert de Coronavirus ze wësse gëtt. Doduerch verbreeden se zwar och wichteg Informatiounen ënnert hire Kolleegen an Netzwierker, mee riskéieren och méi séier op Fake News eran ze falen. An esou Panik ze verbreeden.

5. D'selwer ernannten Aktivisten

Si protestéiere well se der Meenung sinn, dass hir déi richteg ass an all déi aner falsch leien. Dacks bezéien se hiert Wëssen vun "alternative Medien" déi awer nëmme seele mat sécheren oder iwwerhaapt mat Quelle schaffen. Och wa se gutt a konstruktiv Kritik ausdeele kënnen, schränke se sech dacks duerch ee "schwaarz-wäiss" Denke staark an.