Zanter 4 Joer gëtt et d'Verbuet schonn, elo ass d'Iwwergangsphas ofgelaf an domat dierfen an der EU keng Menthol-Zigarette méi verkaaft ginn.

Bis ewell haten déi Fëmmerten, deenen de Goût vun normalen Zigaretten net geschmaacht huet eng einfach Alternativ: Menthol-Zigaretten. Ma zanter haut ass dat fir d'EU-Bierger eriwwer. An der ganzer Unioun sinn nämlech vun elo un Zigarette mat charakteristeschen Aromaen, déi den Tubaksgoût iwwerdecke verbueden. Schonn 2014 gouf dës mat der Tubaksriichtlinn decidéiert, duerno gouf se ëmgesat an elo leeft dann d'Iwwergangsphas aus.

Schutz vu Jugendlechen
Goût am Tubak oder a soss Produiten, déi inhaléiert ginn, steet scho méi laang am Verruff déi unzelackelen, déi soss net géifen zur Zigarett gräifen. Zesumme mat enger ganzer Rëtsch anere Reegele gouf dofir 2014 decidéiert, d'Menthol-Zigarett ze verbidden. Virun allem Jugendlecher sollten domat vun der Zigarett ewech gehale ginn, esou d'Argumentatioun. Generellt Zil war et d'virzäiteg Stierflechkeet ze reduzéieren.
Ënner anerem Polen an e puer Tubakshiersteller hate géint d'Decisioun geklot, dat awer ouni Erfolleg.

Fir d'Riichter zu Lëtzebuerg war kloer, dass Zigarette mat Aroma virun allem fir déi, déi ufänke mat fëmme méi attraktiv sinn. Dofir wier et nëmme richteg, dass dës Produite verbuede solle ginn, fir de Konsum vun Tubak ze reduzéieren.

Manner schaarfen Damp duerch Menthol
Dem däitsche Kriibsfuerschungszenter no ass Menthol an der Tubaksindustrie dat Aroma, dat am meeschten agesat gëtt an dat schonn zanter den 1920er Joren. Et gouf virun allem dofir genotzt, fir d'Schäerft vum Tubaksdamp ofzeschwächen. Grad fir déi, déi erkaalt sinn, sollt dat eng Alternativ zur normaler Zigarett sinn.

Weider heescht et vum DKFZ, dass Fëmmerten, déi Menthol-Zigarette fëmme wéinst dem killenden Effekt méi déif inhaléieren an zousätzlech géif et d'Gefill vermëttelen, dass dës Zort vun Zigarett manner schiedlech ass.

Schiedlech Stoffer duerch verbrannten Aroma
Et geet een awer dovun aus, dass beim Verbrenne vum Tubak, deem Menthol-Aroma bäigemëscht gouf, dat zu engem klengen Deel mat verbrennt an dobäi zousätzlech kriibserreegend Stoffer entstinn.

Fir E-Zigaretten, déi zwar näischt mat Tubak ze dinn hunn awer ënnert déi selwecht Tubaksriichtlinn falen, gëllt d'Verbuet iwwerdeems net, dat selwecht gëllt fir Tubak fir ze knaen.