Den Home-Office gëtt aktuell och zu Lëtzebuerg a ville Betriber méi bedriwwen. Mat der Pomodoro Methode soll ee besonnesch vill leeschte kënnen.

Erfonnt gouf déi sougenannte Pomodoro-Technik schonn an den 80er Joren vum Italiener Francesco Cirillo. An d'Methode ass wierklech ganz einfach.

Eemol gëtt d'Pomodoro-Technik ee bestëmmte Rhythmus fir: als éischt schafft ee 25 Minutten, da mécht een eng Paus vu 5 Minutten, da schafft een nees 25 Minutten, da relaxt een nees 5 Minutten, a sou weider a sou fort. Mer deelen eis den Aarbechtsdag also a kleng Intervallen an, bei deene mer eis musse konzentréieren, a feste Pausen, an deene mer ofschalte kënnen. Doduerch gëtt eise psychesche Widderstand méi kleng, deen eis besonnesch da gefaangen hält, wa mer eng komplizéiert Aufgab virun eis hunn, déi eis fir eng laang Zäit wäert beschäftegen.

Am Beschte soll ee sech fir all Phase ee Wecker stellen, fir sech och sécher drun ze halen. Dohier huet d'Method och säin Numm. De Francesco Cirillo huet nämlech eng Eeërauer benotzt, déi d'Form vun enger Tomat hat.

Lauschtert hei eran!

Deen zweeten Deel vun dëser Aarbechtsmethod besteet doraus, dass ee sech eng To-Do-Lëscht opstellt, wat een den Dag iwwer wëll oder muss gemaach hunn. Dës To-Do-Lëscht verdeelt een dann op déi eenzel Aarbechtsintervallen. Doduerch behält een alles besser am Bléck, an et huet een ee konkret Zil. Dat motivéiert nees zousätzlech.