All d'Apple-Fans kënne sech op eppes Neies freeën: intelligent Brëller, déi ee mat sengem Smartphone verbanne kann. Ufanks 2021 soll e virgestallt ginn.

Eigentlech ass et jo keng ganz nei Iddi: den intelligente Brëll. Mat deem een dann net nëmmen eng kloer Vue huet, mee nach allerlee aner Informatiounen opruffen oder kréie kann. Google hat et jo scho mat sengem "Google-Glass" probéiert, dee sech awer net wierklech duerchgesat krut.

Lauschtert hei eran!

D'Ekippe ronderëm den Apple-Chef Tim Cook solle sech schonn eng ganz Zäit mat enger "Augmented Reality"-Technologie beschäftegen. Esou hat Apple jo schonn d'Virtual-Reality-Entreprise "Next VR" kaf, fir sech esou dës Technologien ze sécheren. Dem Cook no sinn dës Technologien op d'mannst esou wichteg fir d'Zukunft vun Apple wéi den iPhone.

An et muss ee gutt viru komme mam Projet: schonn Ufanks nächst Joer, behaapt den Technologie-Expert John Prosser, soll den intelligente Brëll vun Apple kommen. Dëse soll sech mam iPhone verbannen an dann iwwer Gestë gesteiert ginn. Duerch Displayen an de Glieser kann de Besëtzer da méi Saache gesinn, wéi just seng Ëmgéigend. Den Apple-Glass soll awer ganz ouni Kamera auskommen.

Och de Präis soll scho gewosst sinn. Bei 499 Dollar géif ee mam Apple-Glass ufänken. Wann d'Glieser awer nach op eng bestëmmten Dioptrie geschlaff musse ginn, geet de Präis natierlech nach an d'Luucht.