E Spill dat absolute Kult ass an et och ëmmer wäert bleiwe kritt haut scho seng 40 Joer.

Lauschtert eran

Reese mer mol zeréck an d'Joer 1980. Fir genau ze sinn, den 22. Mee an e Kino zu Tokyo. Hei steet bemol esou een Apparat mam Numm ''Puck-Man''. Giel Figure mat laangen Nuesen, déi d'Zong erausstrecken a Punkte friessen. Virum Display en Joystick an do niewendrun e Schlitz fir d'Mënz eran ze stiechen.

Voilà, d'Gebuertsstonn vu Pac-Man, wéi mer en haut kennen.

Verantwortlech fir dat Ganzt war den Entwéckler Toru Iwatani. Deen deemools 22 Järegen hat eigentlech keng Anung vu Computerspiller, wéi e bei der Firma Namco Company ugefaangen huet ze schaffen. Den Toru Iwatani wollt just Flipperapparater designen. Spéider ass en dann awer op Videospiller ëmgeklommen an huet Pac-Man als Géigespiller zu deenen däischtere Ballerspiller aus dem Schluss vun den 70er Joren entwéckelt.

Ëmbenannt, vu ''Puck-Man'' op ''Pac-Man'' , huet een d'Spill 2 Joer méi spéit, am Joer 1982. D'Spill ass do och an den USA op de Marché komm an aus Angscht, dass Jugendlecher d'Automate kéinte mat engem Stëft oder Spray a ''Fuck-Man'' ëmbenennen, hu se den Numm liicht verännert.

En Numm, deen ursprénglech aus dem japanesche ''Paku'' ofgeleet war, wat esou vill heescht wéi ''knaen'' oder ''mampfen''.

Mëttlerweil ass awer e groussen Deel vun de klassesche Pac-Man-Automate verschwonnen. Elo spillt een et op all méigleche Geräter a Konsolen. Vum Prinzip hier huet sech um Spill allerdéngs guer näischt geännert. Et ass nach ëmmer dee giele Krees, deen duerch d'Gäng wandert an op der Sich ass no digitalem Fudder.

A wie weess, villäicht kraucht de klenge verfroossene giele Punkt och nach an deenen nächste 40 Joer duerch d'Gäng.