Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

R. City ft. Adam Levine - Locked Away

Sou schwéier d'Zäiten och heiansdo kënne ginn, deet et gutt Leit ze hunn, déi een awer ënnerstëtzen. Sot hinne Merci.

Stéier

Hozier - Someone New

Maacht d'Ae gutt op. Eng nei Persoune wäert sech am Alldag vun de Stéiere manifestéieren.

Zwilling 

Imagine Dragons - Whatever it takes

D'Zwillinge probéiere sech vu Réckschléi net decouragéieren ze loossen. Mee heiansdo gëtt et engem awer ze vill.

Kriibs

Foo Fighters - Learn to fly

De Mound gëtt de Kriibsen dës Woch déi néideg Energie, de Kapp aus dem Sand ze zéien an d'Woch a vollen Zich ze genéissen.

Léiw

Sia - Together

Zesummen ass ee méi staark. Dofir sinn d'Léiwen nach méi frou wéi souwisou schonn, hir Famill a Frënn ronderëm sech ze wëssen.

Jongfra

Lady Gaga ft. Ariana Grande - Rain On Me

D'Waasser ass ee mächtegt Element. Mat Kraaft a Rou versuergt et des Woch d'Jongfraen.

Wo

Carlie Rae Jepsen - This Love Isn't Crazy

Follegt ärem Häerz, egal wat déi aner soen. Heiansdo weess een einfach selwer am Beschte wat engem gutt deet a wat net.

Skorpioun

Dennis Lloyd - Nevermind

D'Skorpioune wëlle kee mat hire Suerge belaaschten. Dat ass awer dee falsche Wee. Maacht ären Haarde Panzer e bëssen op.

Schütze

Bruno Mars - Locked out of Heaven

Et ass erstaunlech wat fir een Afloss aner Persounen op eis hunn. Des Woch hunn d'Schützen ee ganz besonnesche Schutzengel ronderëm sech.

Steebock

Rooney - When Did Your Heart Go Missing?

Eng Persoun déi Iech eigentlech no steet, schéngt sech radikal verännert ze hunn. Schwätze kann do Problemer léisen.

Waassermann

Lizzo - Truth Hurts

Heiansdo ass näischt méi schwéier ze héiere wéi d'Wourecht. Genee déi brauchen d'Waassermänner awer fir weider ze kommen. Och wann et wéi deet.

Fësch

Major Lazer ft. Amber Coffman - Get Free

Dir konnt Iech endlech vu vill Negativem befreien. Genéisst des nei Fräiheet a Liichtegkeet an ärem Liewen.