Fir vill Leit déi gären emol e Film kucke – sief dat doheem, am Kino oder am Autokino – gehéiert eng grouss Tut Popcorn einfach mat dozou.

Déi grouss Fro iwwert déi scho vill gestridde gouf ass, ob de Popcorn da séiss, salzeg oder awer vläicht och no béidem schmaache soll. D’Britten – a virun allem d’Londoner – sinn do schonn e Stéck méi wäit. Säit enger Zäitche gëtt et hei nämlech zousätzlech zum klassesche séissen, salzegen a gemëschte Popcorn nach eng aner Zort, nämlech de Gourmet Popcorn.

Lauschtert hei de Reportage:

Net nëmme kritt ee beim Gourmet Popcorn déi allerbeschte Stecker Popcorn ouni Schuelen, Kären oder anere Stécker, déi an den Zänn hänke bleiwen, mee et gëtt de Gourmet Popcorn och nach a ville verschidde Goûten an do ass wierklech fir jiddwereen eppes dobäi.

Sief dat séisse Popcorn, deen zum Beispill no Karamell, Schockela, wäissem Schockela mat Hammbier oder Apel mat Kanéil schmaacht, oder awer och méi häerzhafte Goûten ewéi Tomat a Mozzarella, Camembert, Cheddar an Chilli oder Curry. Ween da gären op Experimenter steet, dee ka souguer Gourmet Popcorn mat Béier, Prosecco oder Gin & Tonic kréien.

Gourmet Popcorn / © Serge Reuter

Natierlech loossen d’Britten sech dëse Gourmet Popcorn och eppes kaschten. Ronn 5 Euro kascht eng kleng Tut vun 80 Gramm. Mee e klenge Luxus – besonnesch a Coronavirus-Zäite – mussen d’Britten sech jo awer heiansdo gënnen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter