Wann den Hond net follegt, muss dat net ëmmer dem Meeschter seng Schold sinn. Genee ewéi mir Mënsche kommen nämlech och Hënn an d'Pubertéit!

Lauschtert eran!

Déck Eessen am Gesiicht, fetteg Hoer an de Kierper fänkt u sech ze veränneren – dat alles sinn Unzeechen, datt een als Teenager an der Pubertéit ukomm ass. Dobäi kënnt dann nach, datt een natierlech ëmmer de Géigendeel vun deem maache muss, wat d’Elteren oder d’Proffen engem esou soen. Eng brittesch Etüd huet elo erginn, datt dat beim Mënsch sengem beschte Kolleeg net anescht ass.

E Fuerscher-Team vun der Newcastle University huet nämlech erausfonnt, datt och Hënn an hirem Liewen eng Kéier an d’Pubertéit kommen. D’Wëssenschaftler hunn dofir ronn 160 Déieren aus verschiddenen Altersklassen ënnersicht. D’Déiere kruten dobäi vun hire Meeschteren deen einfache Kommando “Sitz!”. D’Resultat vun der Etüd: D’Hënn am Alter vun ongeféier 8 Méint hu vill manner gefollegt ewéi déi mat 5 Méint oder engem Joer. Der Veterinärin Lucy Asher no läit dat dorun, datt d’Déiere besonnesch an där Zäit hir Grenzen teste wëllen a sech dofir hirem Meeschter gären emol widdersetzen.

Allerdéngs waren di pubertär Hënn nëmme stuer, wann de Kommando vun hirem Besëtzer koum. Anere Persounen hunn d’Déieren ouni Problemer gefollegt – e Phänomeen, dat ee jo och dacks bei Teenager beobachte kann.

Wann ären Hond also aktuell genee dat mécht, wat en net soll, da bleift cool: Dee Klengen ass vläicht einfach nëmmen an der Pubertéit!