Sief et Pneue selwer wiesselen, d'Krawatt richteg bannen, oder ee Regal ophänken. Dat an nach vill méi kann een elo op YouTube bei "Dad How Do I" léieren.

Ee Papp bréngt senge Kanner verschidde Saache bäi, déi een am Liewen ëmmer nees brauche kéint. Mee wat wann ee keen huet oder dëse keng Zäit hat? Genee déi Erfarung huet de Rob Kenney gemaach. Wéi hie kleng war, huet säi Papp d'Famill verlooss. Esou war keen am Haus, deen dem Rob verschidde Saache bäibruecht huet. Also huet en dat kuerzerhand selwer gemaach.

Lauschtert hei eran!

Elo ass de Rob selwer Papp vun zwee Kanner. Ma d'Coronakris huet den Amerikaner op d'Iddi bruecht Videoen ze maachen, an deenen e kuerz an einfach erkläert, wéi ee Verschiddenes maache muss. Virun engem Mount huet de Rob dunn deen éischte Video eropgelueden. Do huet e gewise wéi een eng Krawatt bënnt. An d'Leit ware begeeschtert. Mat senge Videoe schéngt de Rob bei ville Leit een Nerv ze treffen. An der kuerzer Zäit, huet de Rob scho méi wéi 1,8 Millioune Follower kritt, a gëtt an de Kommentare fir seng Videoe gelueft. Donieft erzielen och vill Leit firwat si ni ee Papp an hirem Liewen haten, a frou sinn elo villes gewisen ze kréien.

Verschiddener gi sou wäit an hunn ëm den Titel "Perfect Dad" ginn. Dat ass dem Rob awer onangeneem. Wéi hie vu sech selwer seet, ass hie sécher net perfekt an huet och alt emol Feeler gemaach. Mee seng Roll als "Internet Dad" huet en awer elo komplett acceptéiert.