E Summer ouni Vakanz ass fir vill Leit bal net virstellbar. Fir eng Rëtsch Experte wier et awer genee dat wat elo néideg ass.

D'Schoule sinn zanter de Méindeg erëm all un, elo mol fir eng Woch an dann ass Vakanz. An dann dauert et jo och net méi laang bis d'Grouss Vakanz a virun allem an där Hisiicht froen sech déi meeschte wuel, wou et dann dëst Joer an d'Vakanz geet. Nach sinn et jo e puer Woche bis dohin, ma de Moment gesäit et éischter esou aus, wéi wa mir éischter net ronderëm d'ganz Welt wäerte reesen. Genee esou wichteg, wéi d'Fro wouhin et geet ass awer eng aner, nämlech wéi riskant et iwwerhaapt ass elo ze reesen.

Vakanz doheem soll Tourismus relancéieren
D'Angscht virun enger zweeter Infektiounswell ass grouss. Nëmmen duerch drastesch Aschnëtter an eisen Alldag konnt d'Ausbreedung vum Virus gebremst ginn, elo gëllt et den Niveau ze halen an net duerch oniwwerluechten Handlungen d'Zuelen erëm onkontrolléiert an d'Luucht ze dreiwen.

Dofir gouf zu Lëtzebuerg nach net vill iwwer Reesen an d'Ausland geschwat. Fir Destinatiounen zu Lëtzebuerg gëtt et jo emol fir all Residenten iwwer 16 Joer a fir d'Frontalieren e Bong fir hei an en Hotel oder soss en Hebergement ze goen an eng kleng Vakanz net wäit ewech vun den eegen 4 Wänn ze genéissen.

Streng Reegelen och an anere Länner
Déi, deenen dat net duergeet, mussen sech dorop verloossen, dass d'Grenzen an den anere Länner op ginn oder op bleiwen. An do muss een sech dann un d'Bestëmmungen halen. Verschiddenen Experten no huet nämlech grad d'Vakanzenzäit an d'Reese Potenzial fir d'Zuelen erëm an d'Luucht ze dreiwen. Dobäi spille vill Facteuren eng Roll.

Esou muss onbedéngt dofir gesuergt ginn, dass d'Touristen net ze no beienee kommen. Weider muss natierlech evitéiert ginn, dass de Virus duerch d'Reesen net a Regioune bruecht gëtt, déi bis ewell nach net oder nëmme liicht betraff waren.

Wirtschaftlech vs. gesondheetlech Iwwerleeungen
De Problem ass jo och, dass wann d'Beweegungsfräiheet net limitéiert ass, den Tracing vun Infizéierten an de Weeër, iwwer déi sech de Virus verbreet huet, immens schwéier ginn.

De Virsëtzende vun der Weltdokterefederatioun Frank Ulrich Montgomery huet an deem Sënn de leschten Dënschdeg gewarnt, déi ekonomesch Iwwerleeungen net iwwer déi gesondheetlech ze stellen. Wéi hien den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe sot, wier et dat beschten d'Grenzen a béid Richtungen zouzeloossen, net ze reesen an doheem ze bleiwen.