Wéini ass eigentlech deen idealen Zäitpunkt, fir sech mat sengem Partner eng Wunneng ze deelen?

Lauschtert eran

Et ass een eng Zäit Single an et muss een no kengem kucken. Bei deene meeschte kënnt dann awer d'Zäit an där ee säi Liewe mat engem aneren deelt a sech lues a lues eng Zukunft zesummen opbaut. Dozou gehéiert da logescherweis och d'Zesumme-Wunne-Goen.

E Schratt op dee sech ganz vill Leit freeën, ma gläichzäiteg awer och mat vill Zweiwel verbonnen ass. Eppes kann een hei scho mol direkt soen, en objektiv idealen Zäitpunkt gëtt et net. All Mënsch ass anescht an esou och déi perséinlech Bedierfnisser. Als Fauschtreegel kann een awer festhalen, dass wann een zesummen e gutt Gefill huet an d'Bezéiung gutt leeft, da gitt zesumme wunnen an zwar esou séier wéi méiglech.

Eng eege Wunneng ass hei nämlech deen idealen Test ob een zesumme passt oder net. Dat Ganzt gëtt net méi einfach wann een et no hanne verréckelt. De Risiko, dass ee sech bemol op d'Schlappe geet besteet ëmmer, egal ob ee fréi zesumme wunne geet oder eréischt méi spéit.

Diskussiounen doriwwer, wéi ee sech säi perfekt Liewe virstellt, komme mat 23 Joer manner séier op wéi mat 30. Am jonken Alter kuckt een nach iwwert villes ewech an et hëlt ee villes net esou eescht. Et ass also manner schlëmm an Diskussiounen, iwwert den net gespullten Teller, sinn hei manner warscheinlech.

Wann ee jonk zesumme wunne geet, dann iwwersteet een zu 2 d'Hürden aus dem Alldag, wéi zum Beispill d'Wunneng botzen, kachen, strecken an och d'Wäsch maachen. D'Iddi vum perfekte Liewen ass nach wäit ewech a kënnt automatesch wann et Zäit dofir ass.

Eppes wat dat Ganzt viraus setzt, ass ganz einfach de Courage. Entweder et traut ee sech dee Schratt ze maachen oder net. Fir de Recht kann ee just soen: Setzt iech net ënner Drock, Roum ass och net an engem Dag gebaut ginn.