Bei Koppele schéngen et vill wichteg Komponenten ze ginn, déi dozou bäidroen, dass et gutt klappt mat der Léift. D'Fuerscher hunn do och d'Héicht gekuckt.

Wie mengt, dass et komplett egal ass wéi vill Ënnerscheed et an der Koppel a Punkto Héicht gëtt, dee kéint sech ieren. Wéi Fuerscher schonn 2017 wëllen erausfonnt hunn, dréit d'Héicht zum Gléck bäi. An do ganz spezifesch d'Gréisst vum Mann.

Dës Hypotheese baséieren se op enger Etüd, bei där 8'000 Fraen eng ganz Partie Informatiounen iwwert hire Partner an hir Bezéiung gefrot goufen. An och, wéi glécklech si an hirer Bezéiung sinn. Dobäi koum eraus, dass wat de Partner méi grouss wéi d'Fra ass, wat d'Relatioun och besser leeft.

Lauschtert hei eran!

Donieft wëllen d'Fuerscher erausfonnt hunn, dass grouss Männer méi vertrauenswierdeg, méi glécklech an doduerch och méi erfollegräich am Liewe wieren. Dowéinst hätte grouss Männer dacks och méi Erfolleg am Beruff. Fir d'Fuerscher huet dat kloer mat der Zefriddenheet an der Bezéiung ze dinn. Well, esou d'Fuerscher, wann de Mann méi Erfolleg am Beruff huet, steet hien och finanziell besser do. An doduerch ass d'Fra och méi glécklech.

Ob dat wierklech esou stëmmt sief natierlech dohi gestallt. Vue, dass haut och vill Frae selwer erfollegräich am Beruff sinn, brauchen se dofir kee grousse Mann an hirem Liewen. An iwwerhaapt: soulaang déi zwee an der Koppel glécklech sinn, ass et dach eigentlech ganz egal wéi grouss oder kleng een ass.