Vill Museker hu wéinst der Pandemie missen hir Tour annuléieren. Betraff ass och d’Alicia Keys. An engem Statement adresséiert hatt sech elo un d‘Fans.

D‘Alicia Keys muss seng Welttournée wéinst der Corona-Kris op d’Joer 2021 verréckelen. U sech sollt seng Tour den 5. Juni dëst Joer an Irland ufänken, an den 22. September a Florida op en Enn goen. Geplangt war jo och ee Concert den 11. Juli an der Escher Rockhal. An enger perséinlecher Erklärung weist d’Alicia Keys elo dorop hin, dass hatt d‘Entwécklung gedëlleg suivéiert a sou laang wéi méiglech u sengem Tourplang festgehalen huet. D’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Leit hätt awer absolut Prioritéit an dowéinst biet d’Sängerin seng Fans elo ëm Gedold.

View this post on Instagram

#Underdog Tomorrow ✨

A post shared by Alicia Keys (@aliciakeys) on

D’Alicia Keys huet och ugekënnegt, dass hatt sou séier wéi méiglech di nei Tourdate bekannt gëtt. D‘Tickete bleiwen natierlech fir deen neien Datum gülteg.

Mat senger Single "Underdog" huet d’Alicia Keys jo dëst Joer weltwäit d’Charts gestiermt. D’Lidd ass op sengem neie mëttlerweil 7. Studioalbum ze fannen. Och op dee mussen d’Fans nach laang waarden. Den Albumrelease gouf scho vum Mäerz an de Mee an elo nach mol an den Dezember verréckelt. Och fir dëse Retard ass de Coronavirus responsabel: D’Alicia Keys kann den Album de Moment net op Tour promoten, mee hatt huet och kaum Méiglechkeete säi Wierk an Tëleesshowen oder Radiosinterviewen ze presentéieren. Aus Angscht viru Verloschter gouf de Release kuerzerhand ofgeblosen.