Wann een op e puer Saachen oppasst, ka Sport zesumme mam Partner richteg gutt dinn. Experte soen, wéi dat funktionéiert.

Joggen am Plaz doheem Serien ze kucken, Pilates am Platz um Computer ze spillen. Et mussen net ëmmer di klassesch Aktivitéite sinn. Och ee gemeinsamen Training mam Partner kann eng gutt Zäit zu 2 bedeiten. Fir dass de gemeinsame Sport net zum Bezéiungskiller gëtt, musse Koppelen awer op e puer Reegelen oppassen.

Firwat Sport mam Partner der Bezéiung gutt deet

Am Prinzip deet et der Bezéiung gutt, matenee Sport ze maachen, soen Experten. Stresshormoner a Frust ginn ofgebaut, et verbréngt een Zäit zesummen, an d’Libido gëtt aktivéiert. Grad wann eng Koppel géint eng aner untrëtt, kritt een ausserdeem verstäerkt d’Gefill, een Team ze sinn.

Beim Sport erlieft een de Partner och an enger Roll, an där een hie soss net kennt. Dat deet der Bezéiung gutt. Et muss ee sech natierlech eens ginn, wéi ee Sënn an Zweck Sport a Beweegung fir béid Partner soll hunn. Wëllt een éischter zesummen Zäit verbréngen oder geet et vrun allem drëm, méi fit ze ginn.

Di passend Sportaart fannen

Op een zesummen eng nei Sportaart ufänkt oder d’Hobby vum Partner iwwerhëlt ass eigentlech egal.  Wichteg ass just, dass ee Partner seng Roll als Ufänger akzeptéiert. Wat Sportaarten ugeet, halen Experte Lafe fir besonnesch gëeegent. Et ass een dobaussen, ka sech ënnerhalen a kënnt an ee richtege Sportflow. Awer och Golf, Tennis, oder Vëlo kann ee gutt mam Partner maachen. Et kann ee sech och Fitnessübunge vun engem Personal Trainer weise loossen.

Wéi ee mat Leeschtungsënnerscheeder ëmgeet

Am Prinzip si Leeschtungsënnerscheeder beim Sport kee Problem. Wann een e bësse kreativ ass, da fënnt een eng Léisung. Zum Beispill kann een déi éischt hallef Stonn zesumme lafen an trennt sech dann. Wichteg ass, dass keen iwwerfuerdert gëtt, sech awer och kee langweilt.