Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Widder

Armand Van Helden Feat. Lorne - Give Me Your Loving

Dir hutt eng Persoun am Liewen déi iech vill gëtt. Et ass un der Zäit och mol eppes zeréck ze ginn.

Stéier

Milky Chance & Jack Johnson - Don't Let Me Down

De Moment ass et net ganz einfach, ma dir hutt Persounen déi hannert iech stinn. Denkt dorun, dat gëtt iech Halt.

Zwilling 

Marshmello & Halsey - Be Kind

Den Alldag ze meeschteren ass net ganz einfach. Denkt och mol un déi, déi iech no stinn a dot hinnen eppes Guddes.

Kriibs

Awolnation - Sail

Dir hutt iech vill gestresst an et ass un der Zäit mol eng Paus ze maachen an un eng Vakanz ze denken.

Léiw

Childish Gambino - Redbone

Déi schéinsten Zäit hat een als Kand. Loosst dat nees e bëssen opliewen a loosst d'Kand an iech eraus.

Jongfra

Calvin Harris & Rag'n'Bone Man - Giant

Villes hutt der bis elo erreecht. Déi gutt Noriicht ass, dass nach vill wäert kommen.

Wo

Carlie Rae Jepsen - Call Me Maybe

Vergaangenes soll ee roue loossen, ausser dir hutt eppes nees gutt ze maachen!

Skorpioun

Sido - Tausend Tattoos

D'Liewen hannerléisst heiansdo Narben. Huelt et wéi et kënnt a maacht dat bescht dorausser.

Schütze

Martin Garrix Feat. Bonn - High On Life

Alles geet, just de Fräsch dee spréngt. Dir hutt eng Iddi? Ma da setzt se ëm!

Steebock

Loud Luxury & Bryce Vine - I'm Not Alright

Niddergeschloe sinn, gehéiert am Liewen dozou. Rappt iech a maacht dat bescht aus der Situatioun.

Waassermann

Aloe Blacc - The Man

Loosst iech net fir domm halen. Beweist deenen anere wat dir kënnt.

Fësch

Claptone Feat. Jaw - No Eye

Këmmert iech mol ëm iech. Jiddereen ass de Schmadd vu sengem eegene Gléck.