Wien zesumme laache kann huet et gutt, wien iwwert deen anere laache kann nach besser!

Wat ass d’Geheimrezept vun enger glécklecher Bezéiung? Do ginn et natierlech vill Äntwerten, eng ganz wichteg ass Kommunikatioun an dozou gehéiert natierlech och den Humor. Hei kënnt et dann net onbedéngt dorop un, dass een iwwer déi selwecht Witzer laacht oder déi selwecht Komedien op Netflix gutt fënnt mee e ganz bestëmmten Humor deelt.  Dir kennt jo bestëmmt dat däitscht Spréchwuert "Was sich liebt, das neckt sich" a soll enger Etüd no tatsächlech eppes dru sinn.

Fuerscher vun der Universitéit Wittenberg hunn 14 Koppelen an där hir Zefriddenheet an hire Bezéiungen analyséiert. D’Bezéiungen an deenen d’Partner uginn hunn, dass si kee Problem domat hätte wann de Partner géif stëppelen, waren och déi, déi als am glécklechste bewäert goufen. D’Partner mat engem méi dreckegen Humorlevel hunn uginn och méi zefridden an hirem Sexliewen ze sinn. D’Koppelen, déi sech manner géigesäiteg stëppelen, schéngen dogéint och manner zefridden ze sinn. Bei Bezéiunge mat engem ënnerschiddlechen Humor-Verständnes koumen Ausernanersetzung méi dacks vir.

Dat heescht elo net, dass een ufänke soll säi Partner ze mobbe mee heiansdo e bësse stëppelen, dat bréngt anscheinend méi Liichtegkeet an d’Bezéiung. Wuelverstane wann deen Aneren dat och esou empfënnt, wéi gesot wann dësen e ganz aneren Humor huet, da kann et natierlech och de ganz aneren Effekt hunn.

Dat beschte Beispill fir dës Etüd wäre wuel d’Blake Lively an de Ryan Reynolds, d’Hollywood-Koppel, déi sech zanter Joren ëffentlech op d’Schëpp hëlt. #relationshipgoals