Fréier waren et d'VHS-Kassette, spéider d'DvD an elo de Streamingdéngscht. Ma net alles wat op Netflix ass, ass fir ëmmer do.

Lauschtert eran

Virun enger Rei Joren huet ee sech fir e Film doheem ze kucken eng Kassette a spéider dann eng DvD kaf. Do ass et dann och nach d'Méiglechkeet ginn déi an enger Videothéik ze léinen.

Elo am Joer 2020 gesäit dat awer ganz anescht aus an zwar duerch d'Streaming-Déngschter. Et kann ee quasi kucke wat ee wëll, ma dat leider net éiweg, well d'Offer ee bestëmmte Film ze kucken, net ëmmer do ass.

Fänke mer mol mat enger ganz bekannter Serie un.

Am September 1987 ass déi éischt Episod vu Full House ausgestraalt ginn an déi lescht am Mee 1995. Enn Mee vun dësem Joer gëtt d'Serie dann och vun Netflix erof geholl. D'Fortsetzung Fuller House, bleift awer weiderhin op der Streaming-Plattform.

Bei de Filmer ass et dann och schonn e bësse méi en alen, ma een dee mer trotzdeem alleguer kennen.

1995 ass Bad Boys an de Kinoen eraus komm, a soll och Enn Mee, vun Netflix verschwannen.

Och dem Kevin James säi Kaufhaus Cop an de Film Quarantän kann ee just nach bis zum Schluss vun dësem Mount kucken.

Profitéiert also dovu fir nach deen een oder anere Filmowend ze maachen.