Enn Dezember war et eng Noriicht wéi all aner –keng 3 Méint drop huet et och zu Lëtzebuerg geheescht: #BleiftDoheem!

„Eng mysteriéis Longekrankheet aus China“, dat waren d'Meldungen, déi och mir um Ufank vum Joer matgeholl hunn. Deemools war dat éischter eng kleng Noriicht, déi een alt matgeholl huet. Ma relativ séier ass d'Situatioun aus dem Rudder gelaf.

Vun der „onbekannter Longekrankheet“ zum „neie Coronavirus“
Den 31. Dezember 2019 informéieren déi chinesesch Autoritéiten d'WHO iwwer Fäll vun enger mysteriéiser Longekrankheet zu Wuhan, éischt Fäll solle schonn den 12. Dezember opgetruede sinn. En Erreeger war do nach net ausgemaach.

De 7. Januar 2020 gouf den Erreeger entdeckt, et war e Virus, deen zur Famill vun de Coronaviren zielt. Bis dohi waren eng 60 Infektiounen a 7 kritesch Fäll gemellt ginn.

Den 11. Januar dunn deen éischten Doudesfall a spéitst den 13. Januar, wou déi éischten Infektioun ausserhalb vu China an zwar an Thailand gemellt gouf, ass net nëmmen d'WHO nervös ginn.

Déi éischte Stad geet a Quarantaine
Bis dohi war awer nach guer net kloer, ob de Virus iwwerhaapt vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe konnt ginn. Bei eis doheem war een also nach relativ roueg. Eréischt den 20. Januar war du kloer: en infizéierte Mënsch kann en aneren ustiechen.
3 Deeg drop huet China dunn dat virgemaach, wat eis all sollt méi oder manner d'selwecht erwaarden: Wuhan gouf ënner Quarantaine gestallt, aner Stied sinn duerno nokomm.

Deemools ass d'WHO schonn dovun ausgaangen, dass de Virus sech och ausserhalb vun Asien kéint ausbreeden – a se sollte Recht behalen.

De Virus kënnt zu Lëtzebuerg un
De 26. a 27. Januar goufen et dunn déi éischte Fäll a Frankräich an an Däitschland. De Samschdeg, den 29. Februar gouf et dunn deen éischte Fall och zu Lëtzebuerg, den 13. Mäerz dunn deen éischten Doudesfall bei du schonn 221 confirméierten Infektiounen. An de 15. Mäerz dunn och fir Lëtzebuerg d'Ukënnegung, dass et heescht vu Mëtternuecht un doheem ze bleiwen.

Dat heescht nëmmen 2 an en hallwe Mount huet et vun der éischter offizieller Meldung bei der WHO gedauert, bis och Lëtzebuerg voll getraff gouf.

Bis dohin hat d'WHO den Ausbroch vun der Krankheet schonn als Pandemie agestuuft. An ëmmer erëm koumen nei Erkenntnisser, déi et erlaabt hunn no an no erëm Mesuren zeréckzehuelen. Ma eent ass sécher: Et wäert méi laang dauere fir zeréck an d'Normalitéit, wéi et gedauert huet vun der onbekannter Longekrankheet bis zum #bleiftDoheem.