Eng grouss Inconnue sinn Infizéierter, déi keng Symptomer hunn, an awer de Virus verbreeden. Hënn kéinten hëllefen.

Weltwäit lafen Tester, wéi Hënn hëllefe kéinten, de Virus ze detektéierten. Scho bei Police an Arméi kënnt de beschte Kolleeg vum Mënsch op véier Bänn an den Asaz an ass capabel Drogen a souguer Sprengstoff ze fannen. Wisou also net bei enger weltwäiter Pandemie hëllefen?

Lauschtert eran!

Am Kader vu Pilotprojete gëtt genee dat getest: Kënnen Hënn an den Asaz kommen, fir Infizéierter opzespieren? A Groussbritannien, Finnland an den USA ginn Hënn trainéiert. Wéi eng Responsabel vun der University of Pennsylvania erkläert, wéisst een, dass all Krankheet e ganz eegene Geroch hätt. Esou kéint dat also och beim Coronavirus de Fall sinn. Als Virus-Jeeër kéinten d'Hënn also Leit fannen, déi Infizéiert sinn an zu deene Persoune gehéieren, déi keng siichtbar Symptomer opweisen.

Grad wéi d'Hënn bei Vermësstemeldungen d'Spuer vun der gesichter Persoun duerch de Bësch zum Beispill ophuelen, kéint dat och hei de Fall sinn. Wéi bei Tester a Finnland mussen d'Hënn fir d'éischt mat Gerochsprouwen trainéiert ginn. Genee dat gouf mat ënnerschiddleche Kriibsaarte gemaach. Et muss natierlech séchergestallt ginn, datt keng Infektiounsgefor fir d'Déiere besteet. Anere wichtege Punkt: D'Hënn musse mat héijer Sécherheet Infizéierter erkennen. Nach méi effektiv wier et, wann eng Infektioun erkannt géif ginn, éier potentiell Kranker selwer Symptomer verspieren.

Esou kéinten d'Déieren op groussen ëffentleche Plaze wéi Garen oder Fluchhäfen an den Asaz kommen oder souguer Uewerflächen nom Virus of richen. Aktuell sinn dës Iddien awer mat Virsiicht ze genéissen. Méi Hënn op dës Manéier auszebilde kascht vill. Hei geet vun engem Betrag vun e puer Dausenden Euro pro Hond riets. Dat kéint och ee vun de Grënn sinn, wisou et an deem spezifesche Beräich éischter wéineg vun dësen Hënn ginn. D'Tester an de verschidde Länner lafen op alle Fall weider, et dierf een also gespaant bleiwen, ob d'Tester erfollegräich sinn.