Gutt 8 Wochen huet d'Motto "Bleift doheem" gegëllt - fir vill Leit den absolutten Horror, fir anerer e Genoss

Déi eng hunn d'Zäit vum Lockdown gefeiert an hunn hiert Liewen am Ralenti genoss, anerer ware ganz wibbeleg an traureg, well se net op den Tour goen oder hir Frënn gesi konnten.

Ma fest steet, dass ma awer iergendwéi gutt iwwerstanen hunn an esou munch Leit och emol nees méi Zäit fir hiren Hobby oder soss Quality Time haten.

Wéi huet et bei iech am Confinement ausgesinn? Sidd dir éischter am Team "sportlech aktiv", "Hobbykach" oder "Onlineshoppen" - loosst et eis wëssen & maacht bei eiser grousser Eldo Corona-Ëmfro mat!