Wéi eng Filmer a Serien erwaarden eis am Juni op Netflix?

Serien-Highlights op Netflix am Juni

SERIEN

“13 Reasons Why”, “Dark” a “Gotham” – 3 Serien deenen hir Produktiounen net verlängert goufen a vun deenen elo am Juni di lescht Staffelen op Netflix kommen. Besonnesch freeë kënnt dir iech hei op di 4. Staffel “13 Reasons Why” mat 10 neien Episoden. Direkt am Trailer gëtt kloer, datt de Grupp ëm de Clay et net einfach kritt fir hir Geheimnisser ze vertuschen.

Passend zum Datum wäert vum 24. Juni un och d’Action-Thriller-Serie “24” a voller Längt op Netflix ze fanne sinn – 8 Staffele mat am Ganzen 192 Episoden. An der Serie geet et ëm den Jack Bauer, dee probéiert Terroruschléi a Verschwörungen ze verhënneren. Charakteristesch fir “24”: All Staffel couvréiert en Zäitraum vu 24 Stonnen an d’Geschicht gëtt an Echtzäit erzielt.

D’Fans vun Zeechentrickserien kënne vu Mëtt Juni un di ganz nei 4. Staffel vu “Rick and Morty” kucken. Den 10. Juni leeft da mat “Lenox Hill” eng Doku-Serie iwwert dat renomméiert “Lenox Hill Hospital” zu New York un. Hei gëtt den Alldag vun deene Leit gewisen, déi am Gesondheetswiesen un der Front schaffen – passt ganz gutt an di aktuell Situatioun an Debatt.

Déi zweet-lescht Staffel “Modern Family”, nei Follge vun “The Order” oder och d’Staffel 7 vun “The Black List” – e puer weider Serien-Highlights déi ee vun dësem Mount un ganz nei op Netflix entdecke kann.

Film-Highlights op Netflix am Juni

FILMER

Och a punkto Filmer ginn et elo am Juni op Netflix eng ganz Rëtsch interessant Neiegkeeten, fir di Kleng zum Beispill den Animatiouns-Film “Hotel Transsilvanien 3 – Ein Monster Urlaub”. Fir d’Horror-Fans ass vun elo un dee 5. Paranormal-Activity-Deel “The Marked Ones” verfügbar. Mat “Planet der Affen: Survival” gëtt et dann och elo deen däischteren Ofschloss vun der Blockbuster-Franchise op Netflix ze gesinn.

Den Thriller “Wasp Network” vum franséische Regisseur Olivier Assayas ass e weideren Highlight deen den 19. Juni online geet. Am Film gëtt d’Geschicht vun de “Miami Five” erzielt, engem kubanesche Spionage-Netzwierk. Och bei der Besetzung kann de Film iwwerzeegen, an den Haaptrolle spillen den Édgar Ramirez, d’Penélope Cruz an d’Ana de Armas, dat jo och am neie Bond-Film matspillt.

An déi gréissten Nouvelle zum Schluss: Vum 7. Juni un kann een op Netflix “A Star Is Born” mam Lady Gaga a Bradley Cooper kucken. Den Jackson Maine ass e Star an der Museks-Zeen, mee säin Alkohol-Problem, d’Eleng-sinn an den Tinnitus maachen him ze schafen a seng Karriär ass a Gefor. No engem Concert léiert hien an enger Bar zoufälleg di jonk Musekerin Ally kennen an ass direkt faszinéiert vun him – an dat net nëmme musikalesch. Doraus entwéckelt sech eng toxesch Libesbezéiung déi en tragescht an trauregt Enn hëlt.