Elo duerfe Restauranten a Caféen endlech nees richteg opmaachen a Leit empfänken. Wéi ass et fir d'Gastronomen? Mir haten der 2 am Eldo-Interview!

Lauschtert eran!

An der 3. Phas vum Deconfinement ass et um HORESCA-Secteur d'Aktivitéiten nees ganz, mee natierlech mat de sanitäre Reegelen a Virschrëften opzehuelen. D'Freed ass grouss, sou wuel bei Client, wéi och bei de Restaurateure selwer. Schonn e Mëttwoch, wéi d'Terrassen nees duerften opmaachen, waren d'Bistroe gutt gefëllt an et ass opgefall, datt d'Leit frou sinn, nees dierfen eppes iessen an drénken ze goen, esou d'Patronne Martine Kaiser vum Café Vis à Vis an der Stad.

Päischtweekend steet virun der Dier

"Dat war ganz flott. Et huet ee gemierkt, datt si sou richteg frou waren, datt mir rëm do sinn. An och wärend dem Confinement hu mer awer och Kontakt gehale mat eise Clienten. Krute ganz vill Encouragementer."

Elo steet dann den éischte Weekend fir de Secteur virun der Dier. Nieft der Virfreed rappelléiert een och un d'Eegeverantwortung vun de Leit sech un déi virgeschriwwen d'Hygiènesmesuren ze halen.

"Leit kënne roueg an d'Stad kommen, wann se selwer op sech oppassen an hir Distanzen halen. An och wa se e Patt drénken, wa se mat engem méi no schwätzen hir Mask undoen."

D'nämmlecht hält sech natierlech och de Restaurant Roma an der Stad un déi nei virgeschriwwe Reegelen: 4 Leit aus engem frieme Stot pro Dësch, 1 Meter 50 Ofstand oder Plexiglas dotëscht a Maskeflicht, wann ee sech ronderëm beweegt. D'Mesurë bréngen awer och mat sech, datt d'Unzuel vun de Leit am Etablissement selwer reduzéiert ass, esou den Giuseppe Parrino, Patron vum Roma.

"Mir hunn immens vill Plaze verluer - hei am Rez-de-chaussée e gudden Drëttel vun de Plaze verluer. D'Leit wäerte gesi wa si hei bei eis kommen, dass se awer gemittlech do sëtzen."

Et hëlt een et esou wéi et kënnt an och wann dat Ganzt mat villen Aschränkunge verbonnen ass, freet ee sech nees kënne Leit ze empfänken. Grad esou muss dann och d'Personal selwer sech un d'Virschrëften halen, am Restaurant Roma hu si de Mask de Gros vun der Zäit un. Ma och wann et keng einfach Zäit war, kann ee sech awer folgend Fro stellen:

Zéien d'Restaurateuren eppes Positives aus der Kris?

"D'Solidaritéit mat den Noperen. Déi hu mir proposéiert, also owes, wa si dann zou sinn, datt ech meng Terrasse bei hinne ka verlängeren. D'Leit si wierklech verstänneg. Si verstinn, dass mir do eng schwéier Zäit duerch musse goen."

"Dass d'Leit  mol rëm e bëssen erof kommen. Net nëmme Party haart, bësse sech méi Zäit huelen erëm. Mir haten heiansdo freides Owender hei, do hu mir hannert dem Comptoir gefaart."

Et kann een also gespaant sinn, wéi et an e puer Woche wäert ausgesinn. Och wann ee Schratt fir Schratt zeréck an d'Normalitéit geet, sti Social Distancing a Maskeflicht op éischter Plaz. De "bleift doheem" gëllt net méi, ma grad elo mat der Reprise vum HORESCA-Secteur zielt een op jidderengem säi Versteesdemech, seng Gedold a virun allem seng Responsabilitéit. Elo op alle Fall kann ee sech op den éischte Weekend freeën, d'Wieder spillt bis op d'mannst nach en Dënschdeg mat.