Esoubal de Wecker schellt, ass bei deene meeschten de Gedanke beim Kaffi. Ma Fuerscher hunn elo eng Alternativ dozou fonnt.

Lauschtert eran

Déi eng drénke keen, anerer drénken e reegelméisseg an zwar de Kaffi. Eng Substanz déi eis jo anscheinend hëlleft wa mer mol am Dag e klengen Down hunn, oder fir mueres iwwerhaapt mol a Schwong ze kommen.

Fuerscher vun der University of Western Ontario wollte wëssen, ob et eng Alternativ gëtt, hunn eng Etüd gestart an d'Resultat an der Fachzäitschrëft Natural Scientific Reports verëffentlecht.

Fir hir Fuerschung huet d'Team ronderëm den Harry Prapavessis vum Exercise and Health Psychology Laboratory, ronn 100 Männer a Fraen, entweder eng Taass Kaffi drénke gelooss, oder se fir 20 Minutten op d' Lafband geschéckt, wou se da séier hu misste goen. Do virdrun ass awer nach d'Aarbechtsgediechtnes vun den Testpersoune getest ginn.

D'Resultat: Schonn 20 Minutte séiert goen, huet den nämmlechten Effekt op d'Aarbechtsgediechtnes wéi eng Taass Kaffi. Béides huet also dee gewënschten Effekt ervirbruecht.

Wisou dat esou ass, ass nach net kloer. D'Team ronderëm de Prapavessis, geet awer dovunner aus, dass d'Beweegung de Bluttfloss am Gehier verbessert a Gléckshormoner wéi zum Beispill Dopamin fräisetzt. Däitsch Wëssenschaftler hunn nämlech scho viru Joren erausfonnt, dass d'Gehier bei enger Vitess vun nëmme 4 Kilometer pro Stonn, ronn 30 bis 40 Prozent méi staark duerchblutt gëtt, wéi am Rouzoustand, wat iwwregens d'Neibildung vun Nervenzelle fuerdere kann.

Also gëllt et an Zukunft sech de Wecker 20 Minutten éischter ze stellen an amplaz e Kaffi ze drénken, einfach en Tour spadséieren ze goen.