Groussbritannien ass, wann och nëmmen hallefhäerzeg, nach ëmmer am Lockdown.

Mee dat hält d’Britten net dovunner of eng berüümten Traditioun weiderzeféieren, nämlech den Afternoon Tea. Wärend hei d’Restauranten an déi meescht Geschäfter wou een normalerweis säin Afternoon Tea kritt nach ëmmer zou sinn, gëtt et elo eng passend Alternativ. Den Afternoon Tea at Home.

Lauschtert hei de Reportage:

Dëse kann ee sech bequem iwwert den Internet bestellen fir doheem ze genéissen. Dobäi ginn et eng jett Varianten: Vum traditionellen Afternoon Tea mat Earl Grey Téi, Cornichonssandwicher a Scones oder awer och méi modern Varianten mat Macarone oder Brownien. Wee sech da wierklech eppes gënne wëll, fir deen ass d’Luxusvariant mat Schampes a Kichelcher mat Blatgold dann eppes.

© pixabay.com

Zënter dem Lockdown gëtt hei a Groussbritannien bal 6 Mol esou dacks no Afternoon Tea op Google gesicht ewéi virdrun an d’Gastronomiebranche, déi jo vun der Pandemie staark betraff ass, huet esou e Moyen fonnt fir sech iwwer Waasser ze halen. De Britten gefällt et op alle Fall. Trotz Lockdown halen si d’Afternoon Tea Traditioun um Liewen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter