Samurai, Anime an Hip-Hop a perfekter Harmonie - RIP Nujabes.

Virun enger Zäitchen hunn ech iech vu Cowboy Bebop geschwäermt a wéi déi ikonesch Serie Anime, Science-Fiction an Jazz mëscht. Wiem dës Kombinatioun villäicht näischt seet fir deen hunn ech dofir eng Alternativ vun dem selwechte Regisseur: Samurai Champloo.

Samurai Champloo erzielt déi verreckt Geschichten, déi 2 Samurai an ee Meedchen op hire Reesen duerch d'Japan vum Mëttelalter erliewen. Vill méi komplex gëtt d'Story och net wierklech, well Samurai Champloo sech op déi kleng Geschichte konzentréiert. Beim Wanderen tëscht Dierfer a Stied vu Japan, begéint dat komescht Trio all méiglech interessant Leit an erlieft déi verrécktst Aventuren. Iess-Concoursen, Geldfälschung an eng Cannabis-Relioun - Samurai Champloo huet déi kreatiivste Mini-Stories, déi ech a leschter Zäit gesinn hunn.

Kreativitéit ass genau wéi bei Cowboy Bebop erëm dat zentraalt Stéchwuert fir de ganzen Anime, well wat Samurai Champloo zu engem remarkabelen Anime mécht ass Hip-Hop. Jo, dir hutt richteg héieren... Hip-Hop! Den Anime mëscht e mëttelalterlecht Japan mat der Hip-Hop-Kultur wat et zu engem vun de coolsten an originellste Serië mécht, déi ech a leschter Zäit gesinn hunn.

An d'Hip-Hop-Kultur ass net nëmmen en Accessoire, deen niewebäi ugeneelt gouf, et ass an all Aspekt vun der Serie integréiert. D'Choreographie vun de Kampfzeene gëtt vun den Tracks geleet an d'Musek bestëmmt den Toun vun den Episoden. Souguer d'Geschichte selwer hunn oft Aspekter vun der Hip-Hop-Kultur wéi Beatboxing oder Graffiti.

An dat ass wat Samurai Champloo zu esou engem eenzegaartegen Anime mécht. Anime an Hip-Hop zesumme klénge verreckt, mee Samurai Champloo verbënnt déi 2 perfekt.