Net all Remake ass eng schlecht Saach.

Al Spiller an neier Oplag erauszebréngen ass ee vun den neien Trends an der Spill-Industrie. Munch Leit beschwéiere sech verständlecherweis, dass näischt Neies méi gemaach gëtt oder dass d'Originalitéit vun de Spiller dout ass. Simpel Remasters, wou nëmmen un der Grafik geschrauft gouf a soss näischt, kënnen effektiv e bëssen enttäuschend sinn.

Mee et ginn och Spiller vu gudde Remakes a bei deene gesinn ech ee bestëmmt Potential an deem Trend: Resident Evil, Final Fantasy, Shadow of the Colossus sinn alles Beispiller, déi en ale Klassiker net nëmme mat neier Grafik erausbruecht hunn, mee och ganz Deeler vum Spill geännert hunn - an dat ass interessant. Et gëtt Entwéckler, déi den interessante Kär vum Spill fannen a mat neier a besserer Technologie realiséieren. Dës Zort vu Remaken ass fir mech manner eng bëlleg Aart a Weis fir Entwéckler Suen ze maachen a méi eng Method fir ze experimentéieren a bewise Konzepter ze verbesseren oder nach besser ze maachen.

E Spill vun deem ech perséinlech gären ee Remake wéilt gesi wier d'SSX Réi. Verreckt Snowboard-Tricken op neie Konsole mat gréisseren an nach méi kreative Routë kléngt wéi dee perfekte Kandidat fir vun der besserer Hardware vun haut ze profitéieren.

Wéi ee Spill géingt dir gären an engem Remake erëm gesinn?