Eldoradio for Dummies - hei fannt dir e klenge Choix vun de wichtegsten aktuelle Corona-Reegelen am Iwwerbléck!

Lauschtert eran!

Muss een am Auto eng Mask undoen?

Mëttlerweil muss ee keng Mask méi am Auto undoen, wa Leit am Auto sëtze mat deenen een net zesumme wunnt. Et gëtt weiderhi recommandéiert, mee et ass keng legal Obligatioun méi. D’Police mécht an deem Sënn och keng Kontrolle méi - dat krute mir op Nofro hi confirméiert.

Muss ech meng Mask guer net méi undoen?

D'Flicht gëllt nach iwwerall do, wou Public empfaange gëtt an d'Distanz vun 2 Meter net ëmmer kann agehale ginn. Dat sinn ënnert anerem Butteker, a verschidden Institutiounen, am Musée, awer och wann ee an engem Restaurant, Café oder Kino seng Sëtzplaz verléisst.

Och am ëffentlechen Transport ass d'Mask Flicht - d'Ausnam sinn hei d'Chaufferen am Fall wou eng Trennwand installéiert ass oder si den Ofstand vun 2 Meter anhale kënnen.

Dierf ech nees méi Leit heem invitéieren?

Am private Beräich gëlle keng Aschränkunge méi. D'Unzuel u Persoune bei engem doheem ass deemno net méi wéi virdru op 20 Persoune limitéiert. D'Autoritéite recommandéieren awer, datt een den Ofstand anhale soll, wann ee mat Persounen zesummen ass, mat deenen een net zesumme wunnt. An deem Sënn hunn d'Autoritéiten ënnert #StopTheParty den Opruff un d'Eegeverantwortung gemaach.

Dierf een nees zu méi Persounen an der Gastronomie um Dësch sëtzen?

Maximal 10 Persounen, déi net zesumme wunnen, si pro Dësch erlaabt. D'Dëscher mussen op d'mannst 1 Meter 50 auserneen oder duerch eng Trennung vunenee separéiert sinn. Den HORESCA-Secteur muss fir Mëtternuecht zoumaachen.

Sinn d'Demonstratiounen nees erlaabt?

Bei Demoen oder och Begriefnesser si keng Sëtzplaze virgeschriwwen. Kann een d'2-Meter-Distanz net anhale muss ee säi Mond a seng Nues awer bedecken. Foiren a Salone kënnen nëmmen am Fräien ofgehale ginn.

Diskoe bleiwe weiderhin zou, well hei d'Distanz an d'Hygiènesvirschrëften aktuell net assuréiert kënne ginn. Hei gouf bis ewell och keen Datum genannt, wéini dëse Beräich nees opmaache kéint.

Muss ech mech teste loosse wann ech eng Invitatioun dozou kréien?

Nee, muss een net, et kann ee sech op fräiwëlleger Basis am Kader vum Large Scale Testing teste loossen. Hei huet d'Santé och den Opruff gemaach, datt een op d'Matmaache vum Public zielt.

Hei fannt dir weider Infos!

Dierf ech Leit nees ëmaarmen oder d’Hand ginn zur Begréissung?

Wann een net mat där Persoun zesummelieft, soll een dës de Moment net an den Aarm huelen an och net d’Hand ginn. Hei ginn d'Distanzreegele recommandéiert.

Muss ech elo beim Bezuelen op Cash verzichten?

Op ville Plaze gëtt gefrot mat der Kaart ze bezuelen. Si kënnen dir awer net verbidde boer ze bezuelen.

"Selon la législation du 27 juillet 2017, il n'existe pas de base juridique pour refuser l'argent liquide comme moyen de paiement.", esou de Konsumenteschutz ULC.

Weider Infos fannt dir hei!

Dierf ech an d’Ausland an d’Vakanz fueren?

A villen EU-Länner ginn et keng Grenzkontrolle méi, deemno dierf een an d’Ausland an d’Vakanz fueren. Am beschten informéiert ee sech am Viraus wéi d’Situatioun an deem jeeweilege Land ass. Verschidde Länner fuerderen en negative Corona-Test grad wéi aner perséinlech Informatiounen.

Hei fannt dir e puer Beispiller!