Fir Bezéiunge gëtt et kee Geheimrezept. Ma awer ginn et e puer Tipps, déi Männer sech kënnen zu Häerz huelen.

Och wann d'Coronakris nach aktuell ass, kann een sech mëttlerweil erëm mat anere Leit treffen. Esou ass och Dating erëm eng Optioun.

D’Bezéiung tëscht Mann a Fra ass allerdéngs en Thema zu deem et 100, 1000, wann net esouguer Millioune vu Bicher gëtt. An esouguer wann e Mann dës Bicher all gelies huet, stellt en sech nach ëmmer d’Fro "Wat wëll eng Fra vun engem Mann?". All Fra ass natierlech anescht, ma et ginn awer e puer Saachen, déi een sech definitiv verhale kann:

Kuck och mol no dir!

Al Mann gefält et, wann d’Partnerin sech schéin undeet a gutt ausgesäit. Ma do muss och mol e Retour kommen! Sech reegelméisseg raséieren, d’Hoer kämmen an heiansdo mol en Hiem unzedoen, kënnt bestëmmt besser un, wéi de ganzen Dag am Jogging ze hänken.

Probéier mech ze verstoen!

Och Fraen hunn natierlech hir schlecht Deeg. Se si midd, traureg oder frustréiert. Elo ass et un de Männer dat ze mierken an eppes ze ënnerhuelen. Opmonteren, opmierksam nolauschteren an eng Ëmäerblung kënne Wonner wierken.

Kuck och du no de Kanner!

De Kannerwonsch ass meeschtens béidsäiteg. D’Fra ass och frou, wann se Nuets mol eng Kéier ka leie bleiwen an de Mann kuckt nom Bëbee.

Huel och mol selwer Decisiounen!

Natierlech ass et einfach, wann d’Partnerin fir déi nächst Vakanz alles recherchéiert, sou zum Beispill de Fliger, den Hotel an d'Aktivitéiten. De Mann musst also just nach säin Accord ginn. Eegeninitiativ wier vläicht awer och net schlecht.

Bleift mir trei!

De Klassiker. Natierlech wëll kee vu sengem Partner hannergaange ginn. Léiwer der Partnerin soe wann eppes net klappt, amplaz anerwäerts kucken ze goen.

Wéi esou dacks gëtt et fir Bezéiunge keng Zauberformel. Ma dës Saache kënnen an enger Bezéiung mat Sécherheet net schueden.