A 17 Teststatiounen am ganze Land gëtt d'Bevëlkerung de Moment op de Coronavirus getest. Mir hunn och getest, wéi dat Ganzt ofleeft. 

Lëtzebuerg ass de Moment am Kader vum sougenannte Large-Scale-Testing am gaangen, all d’Awunner aus dem Land grad wéi och d’Frontalieren op de Coronavirus ze testen. De Virus daucht nämlech de Moment méi seelen hei am Land op, ganz verschwonnen ass en awer net.

Sou wéi och aner Leit krut d'Christine dës Woch e Bréif vum Luxembourg Institute of Health. An engem Text op däitsch, franséisch, englesch a portugisesch gouf hatt opgefuerdert um Internetsitte www.covidtesting.lu ee Rendezvous fir den Test ze huelen. Hei muss een als éischt seng Donnée’en aginn wéi Adress, Email-Adress an Telefonsnummer. Dono kann een dann  eng vun den am Ganze 17 Teststatiounen auswielen, grad wéi een Dag an eng Auerzäit fir den Test ze maachen- e bësse wéi een et och mécht, wann ee mam Auto e Rendezvous fir de Contrôle technique hëlt. D'Christine huet decidéiert, den Test um Parking Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg ze maachen.

Sou leeft den Test of 

An der Entrée vum Testzenter muss  een als éischt d’Confirmatioun vum R-V weisen. De QR Code gëtt gescannt, an d'CNS-Käertche gecheckt. Dono geet alles ganz séier. Et muss een net mol aus dem Auto klammen.

Et kritt ee sougenannte PCR Test gemaach. Net iwwert d’Nues, mee et muss een de Mond grouss opmaachen an d’Infirmière hëlt dann een Ofstréch. Wéi d’Infirmière confirméiert, ginn de Moment all Dag 300 Tester eleng op der Teststatioun Kierchbierg duerchgeféiert. Et gëtt gekuckt, dass all Testpersoun net méi wéi eng Minutt an der Statioun muss sinn. 24 Stonne méi spéit kritt een dann d'Resultat via SMS.

© eldo

Den Test ass net obligatoresch

Ob een den Test mécht oder net, wann een ugeschriwwe gëtt, ass all Mënsch selwer iwwerlooss. Wéi et awer och am Bréif vun der Santé heescht, hëlleft ee mat dësem klenge Geste d’Pandemie am Grëff ze halen an eng zweet Well vun Infizéierten z‘evitéieren.