Am Code de la Route ass net gereegelt, wéi eng Spur ee muss huele fir duerch de Rondpoint ze fueren. Dat heescht awer net, dass ee maache ka wat ee wëllt.

Et ass eng vun de grousse Froe vum Liewen: Wéi fiert ee richteg an engem Rondpoint? Scho beim Erafuere scheeden sech do d'Geeschter, guer net ze schwätze, wann ee bis an deem Wierbel aus Autoen, Bussen, Motoen a Vëloen ass. An d'Erausfueren ass och net esou einfach. Elo denkt ee jo, dass ganz einfach verschidde Leit d'Reegelen net kennen an et dofir dacks emol zu Getuuts a Chaos kënnt. Ma ginn et dann iwwerhaapt Reegelen am Rondpoint oder sinn et nëmme Rotschléi?

Virfaarten a Signalisatioun si festgehalen
Sënn an Zweck vun engem Rondpoint ass et ënnert anerem fir de Verkéier méi flësseg ze maachen. Kee muss méi laang bei enger rouder Luucht stoen, et fiert een einfach lass, soubal d'Strooss fräi ass. Esou wäit esou gutt, mä méi komplizéiert gëtt et, wann elo bemol ee Rondpoint mat e puer Spuren do ass. Wien erënnert sech net nach u seng éischt Erliefnisser am Irgäertchen oder am Rondpoint Serra, wéi do nach net Luuchten a Linne kloer gewisen hunn, wéini a virun allem wou ee soll fueren.

Vill ass och iwwer de Rondpoint am Code de la Route net festgehalen, erkläert den André Schaack vun der Police. Eenzeg d'Virfaarten an d'Schëld, dat op de Rondpoint hiweist sinn do opgelëst.

Allgemeng Verkéiersreegele gëllen och am Rondpoint
Ma och wann elo net explizit am Code de la Route steet, wéi een sech genee an engem Rondpoint ze behuelen huet, sinn déi allgemeng Reegelen esou kloer, dass se och am Kreesverkéier klappen, wann da jiddereen se respektéiert.

Et ass jo z.B. esou, dass allgemeng deen, deen d'Spur wiesselt, d'Virfaart verléiert. Deen, deen op der Spur bleift hält seng Virfaart. Muss een also am Rondpoint d'Spur wiesselen, dann dierf een en aneren net behënneren.

Éischt Hallschent baussen, zweet Hallschent bannen
Ma och wann ausser wat d'Virfaarten an d'Signalisatioun ugeet soss näischt explizit festgehalen ass, léiert een an der Fuerschoul, wéi de Rondpoint am beschte funktionéiert. Dës Verhalensweise ginn och vun der Sécurité Routière recommandéiert.

Dat heescht am Kloertext: wann een an de Rondpoint erafiert a scho weess, dass een eng Sortie hëlt, déi bannent der éischter Hallschent vum Rondpoint läit, da reit een sech riets an. Fiert een iwwer d'Hallschent eraus an hëlt eng Ausfaart no der éischter Hallschent, da reit een sech am beschte lénks an ier een erafiert. An duerno fiert ee bannen duerch de Rondpoint.

A well de Rondpoint jo de Verkéier soll méi flësseg maachen nach en Hiweis vun der Police: denkt drun äre Winker ze benotzen, dat am Rondpoint an och beim Erausfueren.