Eng gutt Bezéiung bedeit eng gutt Kommunikatioun - a verschidde Sätz falen do éischter net!

Fir eng gesond a glécklech Bezéiung ze féiere gehéieren eng ganz Partie Saachen dozou, eppes wat awer net feelen dierf ass Kommunikatioun. Net just den Ëmgangstoun mee och wat ee seet. An och wann een iwwer alles (oder bal alles) schwätze soll, ginn et e puer Sätz, déi een an enger gesonder Partnerschaft éischter manner héiert.

1. "Vergiess et - dat ass mäi Problem"

Natierlech huet jidderee seng Problemer an heiansdo wëll een déi mat sech selwer ausmaache mee an enger Bezéiung deelt ee seng Suerge mateneen amplaz alles fir sech ze halen. Aus engem eegene Problem, gëtt wann ee sech laang genuch domat beschäftegt iwwer kuerz oder laang  souwisou e gemeinsame Problem.

2. "Ëmmer muss de..." oder och "dat do ass typesch fir dech"

Generaliséierunge wéi "ëmmer" oder "ni" sinn net fair an enger Partnerschaft. Kloer ginn et Saachen, déi verschidde Leit méi dacks maache mee an enger gesonder Partnerschaft sollt een op esou Saachen net ronderëm reiden.

3. "Du iwwerdreifs mol erëm"

Kloer, jidderee steigert sech mol an eppes era mee wann een deem Anere permanent seet, dass ee quasi eng "drama queen" oder "drama king" ass vermëttelt dat d'Gefill dass een de Partner net seriö hëlt. Ausserdeem weist een domat de Géigendeel vu Verständnis. Wie respektvoll domat ëmgoe wëll ka sengem Liblingsmënsch zwar vermëttelen, dass d'Welt wéinst enger Klengegkeet net ënner geet an ee sech kee Kapp maache soll, ma dat kann een och op eng net spëttesch Aart a Weis maachen.

4. "Firwat bass de ni op menger Säit?"

Och wann et just ee subjektiv Wouerhuelen ass: Esou e Virworf weist drop hin, dass de Partner sech net ënnerstëtzt, villäicht souguer am Stach gelooss, fillt an dat krazt um Vertrauen.

5. "Wann s de dat net mëss, da war et dat"

Dreeungen ausschwätzen oder en Ultimatum setze soll et an enger glécklecher Bezéiung net ginn. Richteg Léift ass bedéngungslos a stellt keng Fuerderungen.