Des Kéier mam passende lëtzebuergesche Sound fir d'Woch vun Nationalfeierdag!

Widder

Edsun - Essential

Wat ass wichteg am Liewen? Dëser Fro ginn d'Widderen dës Woch no. Mee ob se och eng Äntwert fannen?

Stéier

Chaild ft Maz - Sick Water

Et ass Zäit, héich Zäit! Stierzt iech an d'Waasser an entdeckt nei Ufer!

Zwilling

Nicool - Stolz

D'Zwillinge sinn des Woch e bësse méi sensibel. Et huet ee se séier gekränkt, obwuel een dat villäicht guer net wollt.

Kriibs

Schëppe Siwe - Wat bleift

Der zerbriecht iech konstant de Kapp iwwert Saachen, déi iech just zeréck halen, amplaz no vir ze bréngen. Geheit dat besser iwwer Bord.

Léiw

FRESHDAX - Gutt drop, besser drënner

D'Léiwe stolzéiere des Woch duerch d'Géigend. Ob se awer och op der Juegd Erfolleg hunn?

Jongfra

Alfalfa - Off and On and Over it

Loosst äert ënnerlecht Kand eraus! Ameséiert iech einfach wéini a wou der wëllt. Wie blöd kuckt ass just neidesch!

Wo

Cheak! - Lovers Lane

Sech verléiwen ass elo eng geféierlech Affär bei der Wo. Sidd iech léiwer sécher, dass déi aner Persoun et genee esou eescht mengt!

Skorpioun

Leen feat StA - Black Hole Summer Song

De Summer annoncéiert sech bei de Skorpiounen dës Woch eemol ganz anescht. Eng grouss Iwwerraschung erwaart iech.

Schütze

Skinny J & Turnup Tun ft Tommek - Cuba Libre

D'Schütze liewen des Woch wéi an der Karibik: ee Gedrénks am Grapp an d'Sonn am Genéck.

Steebock

Tuys - Dance

Ob een danze kann oder net ass de Steebéck ganz egal. Haaptsaach matmaachen a shaken ass dës Woch hiert Motto.

Waassermann

De Läb - Wuarm Gedanken

An der Sonn lieft et sech besser. An déi mengt et dës Woch extra gutt mat de Waassermänner. Haalt d'Waasser prett fir ofzekillen.

Fësch

Superjams - Bësse raven

D'Musek stoppt dës Woch bei de Fësch keng Sekonn. An hir Féiss och net. Dot gutt Schong un!