Pünktlech fir de Weekend presentéiere mir iech haut eise summerlech-schmantege Special Eldo Lloret Cocktail (ouni Alkohol)!

Rezept:

- 4cl Orangëjus (am léifste frësch gepresst)
- 4cl Aprikosejus
- 2cl Bierejus
- 2cl Ram
- 1,5cl Hielenner-Sirop
- Äiswierfel
- fir d'Deko: 1 Tranche Orange

1. D'Orangë-Scheif bis an d'Mëtt aschneiden an als Dekoratioun op de Rand vum Glas stiechen.

2. Alleguer d'Ingredienten mat e puer Äiswierfelen an e Shaker ginn a fir zirka 20 Sekonne gutt rëselen.

3. 3 Äiswierfelen an e Glas ginn, d'Flëssegkeet drop schëdden a genéissen!