2020 ass alles e bëssen anescht an dat gëllt natierlech och fir Nationalfeierdag. Trotzdeem ka gefeiert ginn, ebe just am méi klenge Kader.

Nationalfeierdag a virun allem de Virowend sinn all Joer déi Eventer zu Lëtzebuerg. All Joer, bis op 2020, do ass alles e bëssen anescht. Bis den 31. Juli sinn déi grouss Evenementer nach verbueden, ma och duerno wäerten dausende vu Leit sech hei am Land net kënnen op eng kéier treffen. Eng komplett iwwerfëllte Stad, dausende Spectateuren a Party bis an de fréie Muere sinn also net méiglech. Ma trotzdeem gëtt a méi klengem Kader gefeiert.

D'Stad ënnerstëtzt d'Feieren doheem
D'Stad zitt jo all Joer fir Nationalfeierdag a fir de Virowend déi meeschte Leit un, dofir fänke mir och do un. D'Festivitéiten an der Stad goufen ofgesot an duerch eng digital Campagne mam Numm "Solidaritéit" ersat. Dofir gëtt jiddereen dozou opgeruff op de sozialen Netzwierker positiv Messagen, Erënnerungen oder soss Saachen ze deelen. Weider goufen d'lescht Woch Gadgete verdeelt, fir Nationalfeierdag ze feieren, dat doheem, bei Frënn oder Famill.

Fir Nationalfeierdag wäert den 23. Juni eng offiziell Zeremonie um Kanounenhiwwel ouni Public stattfannen, dës gëtt awer Live iwwerdroen.

Museker a Kënschtler bréngen d'Fest an déi eege 4 Wänn
Natierlech ass och d'Militärmusek dobäi, déi war awer schonn an de leschten zwou Woche queesch uechter d'Land ënnerwee fir Videoe fir Nationalfeierdag ze produzéieren. Dat hunn iwwerdeems och eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger Kënschtler gemaach, fir domat d'Festivitéiten an d'Concerte bei d'Leit heem ze bréngen.

Drive In“-Te Deum a Party am Auto
Da ginn et och vill Gemengen, déi no Alternative gesicht hunn. An deene meeschte Gemenge wäert den 22. eng kleng Zeremonie an d'Ried vum Buergermeeschter iwwer déi sozial Netzwierker iwwerdroe ginn, aner Gemenge si méi wäit gaangen. Zu Péiteng z.B. gëtt et en Nationalfeierdag, mam obligatoreschen Te Deum als „Drive In“, um Enn ginn och d'Autoe geséint. Duerno da Filmer um groussen Ecran an Iessen a Gedrénks bis bei den Auto.

Mam Autokino in Concert bitt och d'Gemeng Mamer eng Party aus dem Auto un. Dat um Virowend an da mat engem Lëtzebuerger Programm op Nationalfeierdag selwer.

Vun der Gemeng Schengen gëtt et e Kaddo a Form vun enger Fläsch Wäin an 2 Wäiglieser, zu Nidderaanwen e Bong vun 20 Euro fir an de Butteker a Restauranten anzeléisen an zu Diddeleng gëtt et nieft der Usprooch an der Zeremonie duerno e Concert via Facebook & Youtube.

Käerzen ersetzen d'Freedefeier
Och d'Gemeng Käerjeng huet sech mat der Aktioun „Nationalfeierdag doheem“ eppes Besonnesches afale gelooss: e „Lëtz Pack“ mat Gedrénks an Iessen aus Lëtzebuerger Produktioun an eng Käerz fir Nationalfeierdag doheem ze feieren. D'Käerze sollen um Virowend ëm 22.30 virun der Dier ugefaange ginn, fir esou dat traditionellt Freedefeier, dat jo ausfält, ze symboliséieren.