Dee schéinsten Dag vum Joer ass ustrengend. Dofir brauch een och bequem Schong. Wéi wär et da mat den Adiletten an der Hochzäit-Edition?

D'Adiletten. Se gehéieren zu deene Kult-Objeten, déi héich kontrovers sinn. Déi eng fannen se wonnerbar, déi aner haassen se aus déifstem Häerz.

Dobäi waren se ni als Fashion-Statement geduecht. Eigentlech huet den Adolf Dassler d'Buedschlappen nämlech just erfonnt, well d'Sportler sech opgereegt hunn, dass se kee passende Schong hätte fir an de Kabinnen unzedoen, déi dacks knaschteg waren. Méi genee war et déi däitsch Fussball-Nationalekipp déi sech beim Schonghiersteller beschwéiert huet.
Den Dassler huet sech de Sportler hirem Problem ugeholl, an een einfache Schong entworf, deen ee séier un- an ausgedoe krut. Donieft besteet d'Profil vun der Suel aus Saugnäpf, fir och an der Dusch den Halt net ze verléieren. Dat war 1963.

Warscheinlech hätt den Adolf Dassler selwer net domat gerechent, dass seng Adiletten och an all de Joren duerno nach weider beléift wieren. Oder dass dës Schlappen och ëmmer nees gäre mat Strëmp ugedoe ginn. Een absolute Fashion Faux-Pas.

Elo ginn et déi sportlech, bequem Schlappen dann an enger ganz besonnescher Versioun. Nämlech fir d'Braut komfortabel duerch dee schéinsten an ustrengendsten Dag vun hirem Liewen ze bréngen. An dëser Hochzäit-Kollektioun fënnt een eemol een elegante Sneaker aus Satin mat Blummemuster a mat liichtem Tallek. Dee nämmlechte Stoff ass och bei der Adilette benotzt ginn, fir deen néidegen eleganten Touch, an ersetzen den typesche bloe Plastik. Och déi dräi wäiss Sträife vun der Schlapp sinn duerch wäisse Satin ersat ginn.  D'"Lace Pack" Adiletten sinn awer scho fir knapp 50 Euro ze kréien. Wien also ee Fan vun der Kult-Schlapp ass, kann déi och fir ganz speziell Occasiounen auspaken.