Déi weltwäit Protester ronderëm den Dout vum George Floyd weisen, wéi laang Rassismus a Gewalt géint Schwaarzer ënnert den Dësch gekiert goufen.

Wéi diskriminéierend si Reklammen? Verschiddener wäerten elo soen "Oh, dat do geet ze wäit" oder "Ah, mee wann se et elo änneren ass et dach grad rassistesch", mee genee do ass den Denkfeeler. A ville Reklamme ginn ausgegrenzte Stereotyppen duergestallt. Beim Fall vun der Räis-Mark "Uncle Ben's" gesäit een en Afroamerikaner, deem säin Outfit un d'Uniform vun engem Butler erënnert. Och wann dëst fréier als déi besser Aarbecht gegëllt huet, zielt et trotzdeem zu der schrecklecher Geschicht vun der Sklaverei-Epoch an den USA – de Logo soll elo geännert ginn.

Och d'Mark "Aunt Jemima" geet op de Wee vum Rebranding. Et ass net just d'Foto – déi och hei eng afroamerikanesch Fra mat wäisser Bluse weist – déi ännere soll: "Uncle" an "Aunt", sou goufe Schwaarzer fréier genannt, aplaz vu "Mister" a "Misses" - dat gouf de Wäisse virbehalen. Béid Firme soten, et wéilt een den Image vu Grond op ëmänneren, wat dobäi erauskënnt, wéisst een awer selwer nach net. Verschidde Kritiker kënnt dat souwisou ze spéit, well zënter Jore gëtt zemools bei „Uncle Ben's“ e grousse Changement gefuerdert, dee vill ze laang op sech waarde gelooss hätt.

© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

En Imageschued wollten och schonn däitsch Entreprisen evitéieren. Esou gouf dem Bahlsen-Konzern wéinst hirer Kichelcher mam Numm "Afrika" Rassismus virgeheit. Scho méi laang aus de Regaler verschwonnen ass elo d'Séissegkeet aus Schaumzocker, déi mat Schockela an enger Glasur iwwerzunn ass an elo "Schokokuss" heescht. Och hei gouf et ëmmer nees Kritik. Aktuell muss sech och déi éisträichesch Dornbirner Brauerei mat Rassismus-Virwërf ausernee setzen. Kloer ass: Net nëmmen d'Police steet mat den aktuelle Protester ënner Drock, och d'Entreprisë mussen ëmdenken.