Am Eldoradio Interview schwätzt den Tim Bendzko iwwert säin aktuellen Album, Reesen a Live Concerte a Corona-Zäiten.

Den Tim Bendzko huet di däitsch Musekszeen an de leschte Jore markéiert wéi kaum een aneren. Hie kuckt mëttlerweil op 2 Nummer-1-Alben an e sëllegen ausverkaafte Concertstournéeen zréck.  Fir säin aktuelle 4. Studioalbum FILTER huet de Museker sech ee Joer Zäit geholl an ass vill gereest. Resultat: D'Single HOCH leeft zanter Wochen an Toprotatioun op deene verschiddensten Hitradioen.

Di geplangten JETZT BIN ICH JA HIER TOUR huet dunn awer wéinst der Covid-19 Epidemie missen op d'nächst Joer verréckelt ginn.  D'Konzept vun den Autokino-Concerten ass fir den Tim Bendzko elo eng super Alternative, dëst Joer awer nach viru senge Fans ze spillen. Dësen Dënschdeg konnte mir hien live an der CARena zu Péiteng gesinn. Am Virfeld huet dee ganz symapthesche Museker eis een Interview ginn.

"Filter" ass den Titel vun dengem neien Album. Wéi bass du dorop komm?

Am Pressetext heescht et, du wiers vill gereest iers du däin neien Album geschriwwen hues. Ass d’Reese fir dech eng Inspiratioun?

Op wéi enger Plaz huet et dir am beschte gefall?

An de soziale Medien hues du dech och um blackouttuesday géint Rassismus ausgeschwat. Gesäis du dech wéinst dengem grousse Bekanntheetsgrad och als Aart Virbild fir jonk Leit?

Deng geplangten Tour hues du wéinst Corona misse verréckelen. Wéi hues du d’Zäit am Lockdown erlieft ?

Däi leschte Concert zu Lëtzebuerg war een intimen Optrëtt an engem Theater. Du hues och schonn a grousse Stadien gespillt. Elo spills du een Auto-Concert. Wéi pass du deng Songs entspriechend un?

Du hues jo schonn e puer Auto-Concerte gespillt. Wéi hues du des nei Live-Erfarung erlieft?

Du waars jo schonn e puer mol hei zu Lëtzebuerg. Du hues vill Fans hei bei eis. Wéi gesäis du selwer eist Land a seng Awunner?

Den Tim Bendzko huet och op d'Froe vun eisem Schnellcheck geäntwert:

Lauschtert hei de Schnellcheck mam Tim Bendzko
View this post on Instagram

🚨 #nightoflight2020

A post shared by Tim Bendzko (@bendzko) on