Wann een d'Toilette spullt, dann entstinn Aerosolen, déi minuttelaang duerch de Raum kënne wanderen. Ma wat heescht dat z.B. fir ëffentlech Toiletten?

Ëmmer méi gëtt iwwer potenziell Iwwerdroungsweeër vum Coronavirus bekannt. An der Tëschenzäit geet ee jo an deem Sënn dovun aus, dass manner kontaminéiert Uewerflächen de Problem sinn, mä vill méi Drëpsen, déi beim Schwätzen, néitsen an Houschten duerch d'Loft fléien an déi dann zesumme mam Virus vun anere Persounen ageotemt ginn. Elo wëlle Fuerscher aus China nogewisen hunn, dass och d'Spulle vun der Toilette do e Problem duerstellt.

Drëpse kënnen nach minuttelaang am Raum stoen
Am Kär hunn d'Fuerscher mat Computermodeller ënnersicht, wéi sech déi kleng Drëpse beim Spulle vun enger Toilette an der Loft verdeelen. Bei verschiddenen Toilette-Modeller géifen esou Wierbel entstoen, déi a Form vun Aerosolen, d.h. klengen Drëpsen an der Loft bis zu ee Meter héich kënnen opsteigen an dann ageotemt ginn oder sech op anere Flächen am Buedzëmmer ofsetzen.

De Fuerscher no kéinten d'Drëpsen esouguer nach vill méi héich klammen, wat d'Toilette méi benotzt gëtt. Dobäi sief nach gesot, dass de Virus jo och a Fäkalie konnt festgestallt ginn, dat esouguer vun erëm gesonde Leit. An dat géif jo da bedeiten, dass grad op ëffentlechen Toiletten den Infektiounsrisiko däitlech méi héich ass.

Ma d'Fuerscher hunn direkt och eng Léisung matgeliwwert: einfach den Toilettendeckel zoumaachen, wann een d'Waasser zitt.

Ministère ass keen esou en Infektiounsfall bekannt
Vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère huet et an deem Sënn geheescht, dass et sech bei der Analys vun de chinesesche Fuerscher ëm e Modell handelt. Ma kloer wier, dass esou Modeller net ëmmer deem entspriechen, wéi et dann ënner alldeeglechen Ëmstänn och ass.

Bis ewell wier der Direktioun vun der Santé nach kee reellen dokumentéierte Fall bekannt an deem de Virus duerch d'Bedénge vun enger Toilette iwwerdroe gouf. Ma et kéint een awer duerchaus hei de Prinzip vun der Precautioun applizéieren an den Deckel beim Spullen zoumaachen.

Toiletten an der Stad gi reegelméisseg gebotzt
Vun der Stad Lëtzebuerg huet et zu den ëffentlechen Toilette geheescht, dass een sech un d'Recommandatioune vun der Regierung hält. Dofir géifen déi ëffentlech Toiletten um Territoire vun der Stad reegelméisseg gebotzt ginn.

Extra Reegelen oder Recommandatiounen, dass d'Leit sollen den Deckel op ëffentlechen Toiletten erofklappe ginn et awer keng. Ma natierlech géif een op d'Vernonft vun de Leit zielen, dass déi d'Hygiènes-Geste weider beuechten.